>   Bezuelmeiglechkeeten

Bezuelméiglechkeeten beim online Glécksspill

Déi meescht Casinoen, déi mir recommandéieren erlaben et Iech souwuel gratis, wéi och mat richtegem Geld ze spillen. Déi éischt Optioun ass optimal, wann dir en neit Spill oder eng nei Strategie ausprobéieren wëllt, oder ganz einfach Spaass wëllt hunn, ouni iwwer Finanzen nozedenken.

Mee déi potenziell Gewënnzommen bei online Casinoen a Sportswetten, si sou impressionnant, datt Dir léiwer méi fréi, wéi méi spéit ufänkt richteg Asätz ze maachen. Dat bedeit och, datt dir e bequemen a séchere Wee braucht, fir Suen op Äre Kont ze setzen an Iech ausbezuelen ze loossen.

Fir Iech ze weisen, wéi Dir am beschten vun ärem Computer, Tablet oder Smartphone spillt, hu mir Informatiounen zu all de beléiften Transaktiounsmethoden zu Lëtzebuerg. Liest ënnen weider fir méi Informatiounen ze kréien.

Kreditkaarten

Debitkaarte sinn haut bal esou beléift wéi Kreditkaarten. Visa Debit a Maestro sinn der 2 dovun. D’Kaarte sinn un e Kont gebonnen an hunn speziell 16-stelleg Nummeren an CVV Nummeren fir d’Online Iwwerweisungen ofzesécheren.

Verschidde virtuell Glécksspilldestinatiounen erlaben Debitkaarten souwuel fir Suen op de Kont ze setzen, wéi och d’Ausbezuelungen. Dat ass awer net ëmmer de Fall, kuckt also all Kéiers no. Wann Ausbezuelunge méiglech sinn, daueren se normalerweis 5 Deeg. Abezuelunge si normalerweis ouni Verzögerung méiglech.

Iwwerweisunge vun Internet Banken

Internet Banken erlaben et Iech Suen ganz séier a sécher anzebezuelen. Loggt Iech bei Ärer Internet Bank an, gitt d’Kontosnummer vum Casino an a maacht esou vill Suen op Äre Kont, wéi Dir wëllt.

Mat dëser Method kënnt dir natierlech och Geld ophiewen a béid Typpen vun Transaktioun brauchen ongeféier 5 Deeg. Déi méi laang Dauer ass dat, wat vill Leit ofschreckt a kéint och bedeiten, datt dës Method näischt fir Iech ass.

Web-Wallets

Och als eWallets bekannt, sinn se déi beléiftsten Method fir ganz vill Leit, wa se online Suen iwwerweisen oder iwwerwise kréien. Trustly, Skrill an Neteller sinn Optiounen, déi vu lëtzebuergeschen Casinoen akzeptéiert ginn.

Am Fong verbannt dir just Äre Casinokont an Äre Kont op der Bank mam eWallet a benotzt dësen dann als Intermédiaire. Dir kënnt Suen vun Casinoen an aneren Portaler op Är eWallet setzen an op aner Konten iwwerweisen.

Dës Systemer sinn anonym a sécher, well Dir keng Informatiounen mat de Leit deelt, déi Dir bezuelt. Den anere grousse Virdeel vun dëser Method ass, datt Cashgewënner direkt verschafft ginn.

Prepaid-Kaarten

Verschidden eWallets, wéi zum Beispill ecoCard an onofhängeg Bongesystemer wéi d’Paysafecard, offréieren Prepaid-Optiounen. Dir kaaft dës online oder am Buttek a gitt dann d’Donnéeën am Casino, Wettbüro oder Onlinebuttek an. Hei ass d’Anonymitéit nees e grousse Pluspunkt fir vill Leit; een Nodeel ass, datt Dir dës Kaarten net benotze kënnt, fir Ausbezuelungen ze maachen. 

Direktiwwerweisungen

Bei Sofort, InstaDebit an aneren “instant banking” Méiglechkeeten, benotzt Dir Ären eegenen Internet Banking Kont, fir Geld anzebezuelen an (a verschiddene Fäll) och ausbezuelen ze loossen. Den Ënnerscheed ass, datt d’Versementen géint e klenge Betrag direkt bestätegt ginn.

Bitcoin

Kryptowärungen si méi a méi verbreet an als gréisst an eelst vun hinnen all, ka Bitcoin elo op ville Säiten zu Lëtzebuerg an op der ganzer Welt benotzt ginn. Dir iwwerweist Suen an a vun Ärem Bitcoin

Portmonni, wat schnell geet, Bonussen mat sech bréngt an absolut Anonymitéit garantéiert. Dat alles mécht Bitcoin zu enger groussaarteger Optioun.

Copyright © 2019 www.online-casinos.lu | Datenschutzrichtlinie