Den opreegende Gaming-Deal vu Synergy a Spirit Sign

Nei Glécksspiller kommen an Europa
Spirit Gaming a Synergy Blue hunn ugekënnegt, datt se zesummen en Deal ofgeschloss hunn, fir Glécksspiller a Spiller, déi op Fäegkeete baséieren an Europa ze verdeelen. An dësem Kontrakt steet, datt Spirit Gaming fir d’Verkafsdistributioun verantwortlech wäert sinn a lokale Support fir d’ Synergy Blue HAWG® Plattform liwwere wäert. Dat ganzt dann op enger grousser Zuel vun europäesche Marchéen wéi an Éisträich, an der Belsch, an Däitschland, a Liechtenstein, zu Lëtzebuerg, an Holland, a Slovenien an an der Schwäiz.

D’HAWG® Plattform vu Synergy Blue 

D’HAWG® Plattform ass eng Klass III zertifiéiert Léisung, déi GLI 11-konform Glëcksspiller mat Ënnerhalung am Arcade-Sil verbënnt an doduerch Konformitéit mat Regulatiounen a verschiddene Jurisdiktiounen erméiglecht. HAWG® an d’Spiller op der Plattform sinn entworf, fir der neister Generatioun u Glécksspillenden ze gefalen, well se eng immersiv a spannend Erfarung bidden, andeem s se d’Méiglechkeet fir onerreechbare Spaass bidden.

Ziegler lueft HAWG® 

De Frank Ziegler, Managing Director vu Spirit Gaming, huet groussaarteg Saachen iwwer den HAWG® System ze soen. Hie seet de System géif déi néideg Flexibilitéit bidden, déi an den staark reguléierten, europäesche Marchéen néideg ass. Hien huet och vun enger neier Generatioun u Spiller geschwat, déi an dës Glécksspiller am Arcade-Stil antauche wäerten.

D’europäesch Gaming-Landschaft 

Den Georg Washington, Chief Executive Officer bei Synergy Blue, huet iwwer d’Wichtegkeet geschwat, den europäesche Marché online casino ze verstoen, well verschidde Länner Glécksspiller erlaben an anerer net. Hie sot, datt Spirit Gaming an der richteger strategescher Positioun wier, fir d’Spiller vu senger Entreprise um ganze Kontinent z’ënnerstëtzen, well hiert Hauptquartéier an Däitschland leit. Hien sot zum Schluss och nach, datt d’Distributioun vu konformen Titelen, déi ënnerhalend sinn an europäesche Spiller d’Méiglechkeet ginn Casinoen anescht z’erliewen, zesummen mam Schafen vu neie Glécksspiller d’Zil vun der Firma wier.

Méi iwwer déi zwou Firmen 

Spirit Gaming huet e spezialiséierte Fokus op däitsch Casinogéranten an op international Marchéen, déi e schnellt Wuesstem genéissen. Se si staark vun der Erfarung vum Frank Ziegler ofhängeg, deen säin Wëssen vun héije Positiounen an der Spillindustrie mat der laangjäreger Erfarung am Casinoberäich kombinéiert.

Synergy Blue produzéiert Glécksspiller fir eng Generatioun vu Spiller, déi elo grad entsteet an erlaabt et dëser Casinogéranten dës nei Generatioun déi néideg Ënnerhalung ze ginn. Dat ganzt duerch Spiller, déi den industrieüblechen Zertifiéierungen a Patenter entspriechen. Synergy Blue huet säin Haaptsëtz a Palm Destert, a Kalifornien (USA) an huet Software an Spillapplikatiounen a 6 Länner.

Andrej Müller
September 2018