LeoVegas hofft fir 2020 op Besserung

LeoVegas gesäit Besserung fir 2020
Warscheinlech wäert LeoVegas d’Joer 2019 net grad als dat erfollegräichsten an Errennerung halen, virun allem net, wann et am Sue, Recetten a Profit geet. Dëse Bedreiwer vun online a mobile Casinoe huet säi Finanzresultat fir d’Joer opgeluecht an Aktieninhaber sinn enttäuscht. Trotz engem 9% Wuesstem vun der Consolidatiounsrecette, sinn d’Recetten an de leschte Joren erofgaangen.

D’Casino-Entreprise misst dëse Réckgang wéinst Depreciatioun, Amortisatiounen a verschiddene Käschten astiechen. Doduerch gouf déi scho prekär Situatoun weider verstärkt.

Konkret Zuelen

Obwuel de LeoVegas keng Detailer iwwert de Réckgang verëffentleche wollt, ware se trasnparent wat d’Ausgaben ugeet: de Marketing hat déi meeschten Depensen mat 118,5 Milliounen Euro fir Marketing a Reklammen an deenen 12 Méint.

Op der zweeter Plaz waren direkt d’Käschte fir d’Mataarbeschter. Hei gesi mer 8 Milliounen Euro méi an Ausgaben par rapport zum Virjoer. Dat ass e Wuesstem vun 20,5% vun 2018 op 2019. Bedreiwerkäschten waren och net ze negligéieren. Obwuel se zwar net weider an d’Luucht gaange sinn, stellen se awer nach ëmmer eng respektabel Zomm vu 5 Milliounen Euro duer.

Den Direkter vum LeoVegas, de Gustaf Hagman ass awer weder besuergt nach erschreckt iwwer dëst Resultat. 2019 wier e finanziel schwéiert Joer gewiecht, wou een huet missen astiechen, mee awer och e Schratt deen noutwenneg war, well vill Aarbecht geleescht gouf, fir d’Komplexitéit am Casino-Grupp ze reduzéieren, sou Hagman. Effikassitéit an d’Upassung un aktuell Changementer an der globaler iGaming-Industrie wiere weider Punkte gewiecht, déi een hätt missen ugoen.

Eng noutwenneg Emstrukturéierung

D’Aarbecht wier net ëm soss gewiecht, esou den Hagman. De Casino-Grupp huet et net just fäerdeg bruecht, sech intern komplett nei ëmzestrukturéieren, mee de Grupp huet sech och op nei Marchéën expandéiert, andeem s méi Fokus op de Casino, nei Marken an eng nei personaliséiert Approche gesat gouf.

Den Hagman sot, de Fokus géif elo op der Kapitalisatioun vum neie Fundament leien, deen de LeoVegas sech am Joer 2019 opgebaut huet. Elo sollen also d’Friichten vun der Aarbecht geernt ginn wat d’Finanzen, mee och eng besserer Qualitéit ugeet.

Andrej Müller
Februar 2020