D’Belsch setzt 3 Online-Casinoen op schwaarz Lëscht

Illegal Casinoe schléissen
Weider dräi Online-Casinoen goufen elo nees op déi belsch schwaarz lëscht gesat. Déi dräi Siten waren net lizenséiert. D’Decisioun vun der belscher Spillkommissioun BGC soll méi Verantwortung a Mesuren an d’Spillindustrie vum Land bréngen.

Héisch Strooftaxe fir Notzer vu Blacklist-Säiten

Déi dräi Online-Casinoe vun deene Rieds ass si Madnix, Asperino a WildBlaster. D’Lëscht zielt eng ronn 200 Internetsäiten, dorënner och bekannt Säiten ewéi Betfair, 1xBet, Betfair a William Hill.

Wann déi dräi genannt Casinoe bis op der Lëscht stinn, wäert et fir belsch Spiller illegal sinn, op d’Online-Casinoen zouzegräifen. Hält ee sech net un d’Reegel, kéinte Strooftaxen an der Héischt vun €26 bis €25,000. Sollten d’Bedreiwer d’Säit weiderbedreiwen, kéinte fir si Strooftaxen tëscht €100 an €100,000 ufalen.

En neit Gesiicht fir dat belscht Regulatiounsorgan

Dës Decisioun ëm dräi weider Online-Casinoe koum, nodeems d’Presidentin vun der belscher Spillkommissioun, d’Magali Clavie, ugekënnegt huet eng “Kommissioun 2.0” wëllen ze grënnen. Clavie, eng ehemooleg Riichterin a Präsidentin op der Cour Suppérieure, huet d’Funktioun am Abrëll dëst Joer vum Etienne Marique iwwerholl. Ënnerstëtzt gëtt si dobäi vun der Interim-Direktesch vun der Kommissioun, dem Eva De Koninck. D’Zil ass et, weider Kontrollmesuren anzeféieren a vulnerabel Spiller ze schützen.

Bis ewëll waren déi meescht Echtcasinoen wéinst der sanitärer Kris nach zou. D’Spiller hu sech dohir un Online-Casinoe gewennt. Doropshin huet déi belsch Spillkommissioun am Abrëll eng Rei Schutzmesure verëffentlech, fir d’Spiller ze schützen. Eng vun de Mesuren ass eng SOS-Helpline, un déi d’Spiller sech kënne wenden.

Nodeems d’Land elo an déi 4. Phase vum Deconfinement kënnt, konnte Casinoen a Slot-Bedreiwer den 1. Juli hir Diren nees opmaachen – dat ënnert strengste sanitäre Mesuren. D’Casinoen dierfe just zu 10% vun hirer Kapazitéit nees schaffen an d’Spiller mussen eng Distanz vun 1,5 Meter anhalen. D’Droe vun engem Mask ass eng Recommendatioun. Weiders ginn d’Casinoe reegelméisseg gebotzt and desinfizéiert an et soll ee, wa méiglech, mat der Contactless-Funktioun vun der Bankkaart bezuelen.

Andrej Müller
Juli 2020