Den 888 Online-Casino freet sech iwwer e kompetitiivt Joer 2019
De Bedreiwer 888 Holdings huet all Grond ze feieren: D'Firma annoncéiert, dass déi préviséiert Zuelen iwwert d'Akommes net just erreecht, mee esouguer iwwertraff solle ginn. Dat gouf no engem Boost am Dezember 2019 kloer, deen d'Zuelen zum Schluss vum Joer nach eng Kéier däfteg ugekuerbelt huet Online-Casino Rekordzuelen.Dodriwwer freet de Bedreiwer sech mat grousser Sécherheet a gesäit e gutt Joer 2020 viru sech, mam 31. Dezember als Schlussdatum vum Finanzjoer. Offiziell goufen d'Zuelen allerdéngs nach net publizéiert, esou dass iwwert déi tatsächlech Zomm just spekuléiert ka ginn. Den Chief Executive Itai Pazner huet gesot, dass d'Ukuerbelung vum Akommes virun allem op déi nei intern Orbit-Plattform zréckzeféieren ass, awer och op déi héisch Beträg aus dem Sportwetteberäich.
Erfolleger an Néierlage
Pazner ass iwwerdeems drop agaange, wou fir 888 Holdings déi gréisst Erfolleger an déi gréisst Néierlage géife leien. Wat d'online Casinospiller ugeet, sou ass de Poker nach emmer e Suergekand. D'Recette wieren net ëmwerfend gewiecht, mee et kéint ee sech awer iwwer d'Resultat freeën. Dee wier awer virun allem op d'intern Plattform Orbit zréckzeféieren, déi fir e méi flëssegen a vertrauenswürdegen digitale Roll-Out vun Poker-baséierten online Casinospiller gesuergt huet.
Iwwerdeems gouf erklärt, dass verschidde Regiounen besser ofgeschnidden hätten wéi anerer. De gréisste Wuesstem hätt een do am Vereenegte Kinnekräich an an Italien gesinn, an zwar virun allem an der zweeter Joreshallschent. Dëst wier besonnegt dem steigenden Fokus op d'Spiller an deene Régiounen ze verdanken.
De spuenesche Maart gouf och erwähnt, allerdéngs net an esou positive Téin. Pazner huet präziséiert, dass d'Recetten hei wéinst dem nei implementéierten Liquitatiounsnetzwierk tëscht Spuenien, Frankräich a Portugal niddereg géife leien.
Staarke Momentum
Pazner huet ofgeschloss andeems e sot, dass 888 Holdings dëst Joer e bedeitende Wuesstem a staarke Momentum erlieft hätt. Dat wier virun allem duerch d'Zuel vun de Spiller ze erkennen, déi déi verschidde Servicer, déi ugebuede ginn, notzen. Där géif et der iwwer eng Millioun ginn an dozou kéimen nach déi Acquisitiounen aus dem Joer.
Et schéngt also, wéi wann dësen Online-Casino Bedreiwer dank dem bedeitende Wuesstem an dem staarke Momentum aus enger staarker Positioun aus an d'Joer 2020 géif réckelen. Wann den Erfolleg nach bis 2021 weidergedroe gëtt, esou wéi et de Moment schéngt, dann huet dëss Entreprise, déi elo schonns zu de gréissten an aflossräichsten am iGaming-Business zielt, eng glorräich Zukunft viru sech.