888Casino ënnerschreift Spilldeal mat Authentic

888Casino ënnerschreift Live-Dealer Vertrag mat Authentic GamingLive casino de spezialisitéierten Entwéckler an Ubidder Authentic Gaming huet elo e spannend Partenariat mat 888Casino ënnerschriwwen. Authentic Gaming wäert sengem neie Partner, geméiss de Provisiounen vum Vertrag, vollen Accès op d’Live Casino-Spiller ginn. 888 Holdings bedreift bekannt Online-Markecasinoen uechter ganz Europa. An Zukunft wëll en och Authentics Live Roulette-Spiller erausbréngen.  

Authentic Gaming huet sech e beandrockende Portfolio vu Live Roulette-Spiller opgebaut. Vill dovunner gi vun Arena Studio vu Malta ausgestrahlt. Den Ubidder benotzt just déi bescht Live-Casino streaming Technologie. Doduerch soll net just eng phenomenal Spillexperienz gebuede ginn, mee d’Spill soll a beschter Qualitéit an esou realistesch wéi méiglech ausgestrahlt ginn.

Dat Bescht, wat et vu Live-Roulette gëtt

De gesamte Pak u Live Roulette-Spiller vun Authentic Gaming ass also am Vertrag mat 888Casino abegraff. Dozou zielt och déi elo lescht Verëffentlechung, nämlech den Authentic Roulette.

Authentic Roulette wäert live gestreamed ginn, an zwar vun Dëscher, déi sech net zu Malta mee um Kontinent an a Regiounen, déi fir den Online-Casino reguléiert sinn, befannen: den Georgia’s Casino International, de Bad Homburg Casino an Däitschland an den Aspers Stratford Casino a Groussbritannien si just e puer vun de ville Plazen, wou een den Authentic Roulette spille wäert. De Live-Casino Spillentwéckler streamt och eng Rei Spiller aus Connecticut an Dänemark, wouduerch dës ganz Spillexperienz en internationalen Touch kritt.

Aner beléift Spiller sinn de Blaze, Grand a 24/7 Roulette. D’Spillauswahl ass awer wesentlech méi grouss. Nei Verëffentlechungen loossen ausserdeem ni laang op sech waarden. Den Ubidder suergt dofir, reegelméisseg neie Wand eran ze bréngen.

E wichtege Moment

De CEO vun Authentic Gaming, den Jonas Delin huet dëst lescht Partenariat tëscht sengem Studio an 888Casino als wichtege Moment fir Authentic Gaming beschriwwen. Delin huet sech eréischt viru kuerzem un d’Press gewennt an erkläert, wéi een an Zukunft Partenariater wéilt opbauen a wat ee sech dovunner an deenen nächste Méint géif erwaarden.

Am meeschte géif et den Delin freeën, dass dëst Partenariar mam Gigant 888 symbolesch dofir steet, elo de Schratt an déi grouss Liga gepackt ze hunn. Authentic Gaming bréngt säi Live-Roulette schonn enger Rei vu grousse bekannte Bedreiwer, wéi LeoVegas, Mr Green, Interwetten, GentingBet a Betsson. 888Casino ass d’Kiischt um Kuch.

Den Entwéckler ass entschloss den europäesche Marché ze eroberen a setzt alles drun, Evolution Gaming d’Stier ze bidden.

Andrej Müller
Juni 2020