Belsch Online-Casinoe rosen iwwer nei Regulatiounen

Belsch Casinoen entsat iwwer nei RegulatiounDéi belsch Spillkommissioun –  eng Organisatioun, déi fir hir streng Regulatioune bekannt ass – huet alt nees e strengt neit Gesetz op Käschte vun der iGaming-Industrie erausbruecht. Déi nei Regulatioun gesäit eng wëchentlech Anzuellimite vun Acompte fir all Casino, deen op belsche Plattformen  online casino lizenséiert ass, vir. No dëser neier Regulatioun, wäerten Notzer net méi wéi 500€ d’Woch kënnen ausginn.

Dës Limit vu 500€ kann op Ufro vun engem Notzer an op e spezifeschen online-Casino bezunn erofgesat ginn. Dës Demande fir de Plafong erofzesetzen gëtt direkt beaarbecht. Wann den Notzer dës Limit awer nees eropsetze wëll, dann dauert d’Beaarbechtung bis zu dräi Deeg. D’Limit kann awer op kee Fall op iwwer 500€ gesagt ginn, och net dann, wann de Spiller noweise kann, dass en déi néideg finanziell Mëttel dofir huet. All Bedreiwer, dee sech net un dës nei Regulatioun hält, gëtt sanktionéiert a muss fir den Iwwerschoss, deen iwwert déi 500€ eriwwer geet, opkommen an deen dem Client zréckiwwerweisen.

Appel géint d’Entscheedung

Dës Nouvelle war e grousse Schock fir déi belsch Spillassociatioun BAGO. Se soen, se wiere virun dëser Entscheedung net konsultéiert ginn. Dat aalt Gesetz hat nach virgesinn, dass d’Maximallimit vun den Acompten un den Notzer seng finanziell Méiglechkeete kéint ugepasst ginn, nodeems d¨s vun engem nationale Kontrollorgan iwwerpréift gi wieren. D’Organisatioun sot duerfir, se géif géint dës Entscheedung vun der Spillkommissioun an Appel goen. Hiert Haaptargument: Spiller kéinte vun elo uns einfach Online-Casinoe benotzen, déi nach laang net mat de Standarde vun der belscher Spillkommissioun am Aklang sinn.

Streng belsch Regulatiounen

Dësen obligatoreschen Anzuelungsplafong gouf schonn duerch de kinneklechen Erlass vum Oktober 2018 gestëmmt a sollt schonn ufanks 2019 a Kraaft trieden. En ass just eng vun de villen Initiativen, déi déi belsch Spillkommissioun lancéiert hat, fir Spiller vun der Verlockung vu Spillcasinoen ewegzehalen. Aner Initiative waren d’Verbuet vu Reklamme via Tëlee, Radio, Internet oder wärend live Sportevenementer, Programmer, déi sech un e jonke Publik riichten a Reklammen, déi virun 8 Auer owes lafen.

Dës Mesurë vun der belscher Spillkommissioun trieden elo a Kraaft, wou en neie President ugekënnegt gouf. Dëse Rôle soll elo vun der Riichterin Magali Clavie, ehemoleg Riichterin um ieweschte Geriichtshaff.

D’Ausgabe fir lokal Online-Casinoe sinn an der Belsch ëm 38% erof gaangen. Och déi national Lotterie huet eng Chute vun 30% erlieft. All dat si Resultater vun Initiativen am Kampf géint Spillsucht, wéi beispillsweis enger SOS Helpline an anere Selbsthëllefmëttele, fir sech z.B. per E-Mail vun enger Spillsäit ze verbannen.

Andrej Müller
Abrëll 2020