GVC erhéicht d’betriblech sozial Responsabilitéit

GVC erhéicht d’Bewosstsinn fir en méi responsabelt SpillenGVC Holdings huet sech verflicht hir betriblech sozial Responsabilitéit ze erhéijen (CSR) fir den zouverlässegsten Bedreiwer an dëser Industrie ze ginn. Des Ukënnegung vun der Firma kennt no hirer Acquisitioun vun Ladbrokes Coral.

Laut hirem jäerlechen Rapport gouf den Jay Dossetter vum Bedreiwer als Spetz vum CSR gewielt an Grainne Hurst als responsabelen Spilldirekter. Si hunn sech och dozou verflicht Spenden un Gruppen ze ginn déi Recherchen bezüglech zum Thema Spillsucht maachen an déi eng Ausbildung an Behandlung dofir hierginn.

Insgesamt géingen 0.2 % vun den gesamten Revenuen an Groussbritannien un sou Spenden goen an et soll bis 2022 op 1 %  eropgesat ginn. Den Bedreiwer, zesummen mat bet365, Sky Betting & Gaming, Flutter Entertainment, an William Hill, huet sech am Ufank drop festgeluecht 20 Milliounen £ bis 2024 ze spenden.

D’Presidentin vun der CSR Kommissioun Virginia McDowell sot dat den Wuesstum vum Bedreiwer den Grond war fir d’Ausdeenung vun hiren Responsabilitéiten géigeniwwer der Gesellschaft, dem Personal an der ganzer Welt.  

Eng nei CSR Strategie

Den Rapport huet och en neien Abléck op déi nei Fair Play Strategie vun GVC ginn. Zu den Haaptpunkten gehéieren ënner Anerem d’Entwécklung vun neien Méiglechkeeten fir iwwert responsabelt Spillen méi transparent ze beriichten an eng Sensibiliséierungscampagne an den Schoulen zesummen mat EPIC Risk Management.

Dem Rapport no soll den Bedreiwer seng Zesummenaarbecht mat der Harvard Medical School an gewëssen Beräicher ausbauen, notamment fir Spillproblemer ze verstoen, behandelen an ze reduzéieren.  

Dat entsprécht der Verflichtung vum Bedreiwer fir mat dem Sponsoring vun Sportteams- an Eventer souwéi mat der Iwwerdroung vun Buchmacher Reklammen an Groussbritannien opzehalen. Et handelt sech heibäi em eng méi zéi Approche wéi déi vun 2018.

Déi eenzeg Ausnam déi virgesinn ass an dëser neier Approche vum Total-Verbuet sinn Päerdscourssen. Den Bedreiwer huet ausserdeem uginn dat et eng Sensibiliséierungscampagne zum responsabelen Spillen géing ënnerstëtzen. Allerdéngs wieren sou Campagnen op eng Annonce pro Paus limitéiert.

Aner CSR Pläng

Net all CSR Aktivitéiten vum Bedreiwer riichten sech un responsabelt Spillen. Dem Rapport no sinn och Fongen fir d’Ënnerstëtzung vum Behënnerten-, Fraen an Basissport sports virgesinn. Fir d’Gesondheet an mental Gesondheetsproblemer stinn och finanziell Ënnerstëtzungen am Programm.

D’Personal vum Bedreiwer wäert och vun den Virdeeler vum neien CSR Plang profitéieren. Zousätzlech zu enger neier Firmakultur wäerten och nei Programmer ëmgesat ginn déi d’Wuelbefannen an d’Gesondheet vun den Aarbechter op engem physeschen an emotionalen Niveau verbesseren wäerten. Et huet sech och dozou verflicht seng Emissiounen vum Treibhausgas an den nächsten 2 Joer ëm 15% pro Kapp ze reduzéieren.

Andrej Müller
Juni 2019