Betsson geet an Appel géint schwedesch Stroftax

Betsson géint schweedesch StroftaxDe Betsson Group wëll wéinst enger Verwarnung an enger Stroftax säitens dem schweedesche Spilllegislatiounorgan, der Spelinspektionen, virgoen. Dës huet viru kuerzem eng Verwarnung an eng Stroftax vun am Ganzen 20 Milliounen SEK (1,9 Milliounen Euro) ausgestallt, nodeems de schweedeschen online casino Bedreiwer dobäi erwëscht gouf, wéi e schweedesch Spilllegislatiounen net respektéiert huet.

Dat schweedescht Spilllegislatiounorgan sot, de Betsson Group hätt verschidde Regulatiounen net respektéiert, andeems en net autoriséiert Online-Casino Bonusser zur Verfügung gestallt hat an de Verkaf iwwer net registréiert Agencen zougelooss hätt. Dozou kënnt dass dës Rechtsiwwerschreidungen eng relativ laang Zäit solle gelaf sinn, nämlech ganzer sechs bis zweilef Méint laang.

Keng Iwwerschreitung vu Regulatiounen

De Betsson Group seet, se wéilte wéinst der héiger Stroftax an der Verwarnung en Appel goen. Béif kéimen iwwerraschen, esou de Grupp, well ee géint keng Regulatioune vum schweedesche Spillgesetz verstouss hätt.

Ass der Spelinspektionen, huet de Betsson Group et sengen Notzern erméiglecht, hir Konten iwwer Retail Voucheren aus de Kiosk-Ketten Pressbyrån a 7-Eleven ze finanzéieren, an dat schonn zënter Mäerz 2019. Laut dem Regulatiounsorgan waren dës Ubidder net bei den Autoritéiten fir dësen Domaine registréiert, wouduerch den Akt géint déi schweedesch Legislatioun geet. D’Spelinspektionen sot ausserdeem, dass de Grupp illegal Online-Casino Bonusser iwwert d’Betsson-eege Mastercard ugebueden hätt.

De Betsson Group, op der anerer Säit, seet e géif géint béid Decisiounen an Appel goen, well se der Meenung sinn, dass d’Voucheren, d’Bonusser an d’Virdeeler vun der hauseegener Mastercard mam Gesetz stëmmeg sinn. D’Vouchere goufen de Spiller iwwert e Cadeausbong-Deal zur Verfügung gestallt.

Méi Stroftaxe fir schweedesch Bedreiwer

D’Spelinspektionen huet d’lescht Joer och dem Bethard Group eng Strostax vun 2.500.000 SEK verschriwwen, nodeems den Ubidder Wetten fir zwee U19 Fussballmatchen zougelooss hat, bei deenen déi meescht Fussballspiller nach net volljähreg waren. D’Administratiounsgeriicht hat dës Entscheedung am Abrëll dëst Joer Réckgängeg gemaach, nodeems de Bethard Group an Appel gaange war. D’Geriicht hat dunn entscheed, dass d’Strof sech op 400,000 SEK belafe sollt.

Eng ganz Rei aner Online-Casinoe kruten och Stroftaxen a vill vun hinne sinn der Meenung, dass d’Regulatiounsorgan dës ongerechtfertegt ausstellt.

Andrej Müller
Juni 2020