Brexit kéint nach vill Nobeeben hunn fir Casinoen

Brexitsuergen
D’Effekter vum Brexit kléngen an de UK nach ëmmer no a sinn nach laang net eriwwer. Duerch déi grave ekonomesch Rupture, déi dëst Joer bis ewell erliewe misst, huet d’Land et nach ëmmer net fäerdeg bruecht och nëmmen a Brochdeel vun den Effekter vum Brexit ofzewieren. An obwuel d’Casino Industrie ganzer 0,5% vun järleche BIP ausmécht an als gréisseren Employeur klasséiert gëtt (100.000+ Aarbechter), muss de Sektor elo eleng duerch d’Tumulter vum Brexit a sengen Nobieben navigéieren.

Eent steet fest: Weder de Brexit, nach déi aktuell gesondheetlech Weltkris hätten net zu engem méi ongeleegene Moment kënne kommen. Déi elle Scheedung tëscht der UK an der EU ass zwar um Pabeier fäerdeg, mee d’Ëmsetzungen an d’Ratifikatiounen dovunner schéngen keen Enn ze kennen. A Vu dass d’Casino Industrie méi staark vum Anhale vu Regulatiounen ofhängesch ass wéi aner Sekteuren, ass se elo op sech gestallt, wann et drëms geet d’Schwieregkeeten nom Brexit ze iwwerwannen.

Suen aus der EU

Net just traditionell Echtcasinoe casinos sinn dovunner betraf an dat ze denke wier e grousse Feeler. Fir dat ze verstoe, muss ee sech just emol de Suefloss ukucken, deen aus der EU kënnt. De gréissten Deel u Suen fléisst an déi britesch Online-Casino Industrie duerch EU Länner, anerer wéi der UK oder auslännesch Territoiren, dee vun der UK dirigéiert gëtt. Elo wier also de Moment, dëst Regulatiounsrad ze iwwerdenken.

A wéi wann et net schwéier genuch wier eng nei Regulatioun erauszebréngen, déi esou regional vernetzt ass wéi d’online Spillindustrie, dann denkt just emol un déi komplizéiert Struktur déi entsteet, wann een déi ganz onofhängesch Rechtssystemer vun de verschiddene Plazen zesummebrénge soll.

Ofwaarden an Téi drénken

D’UK Gambling Commission (UKGC) ass zwar den Haaptregulatiounsmechanismus am Vereenegte Kinnekräisch, mee et gëtt nach eng ganz Rei Regulatiounsmechanismen am Ausland: d’Gibraltar Regulatory Authority, d’Gambling Supervision Commission (IoM), d’Alderney Gambling Control Commission, d’Guernsey Gambling Control Commission an d’Jersey Gambling Commission.

E gutt Beispill an eng Plaz fir potentiell Schwieregkeeten ass Gibraltar. Dës Region ass virun allem wéinst senge Steiergesetzer interessant, wouduerch et an deene leschte Joren eng ganz rei gutt Casinoen u Land konnt zéien an doduerch gutt Partnerschaften opbaue konnt. Duerch de Brexit kéint eng ganz Rei vun deene Partnerschaften, wann et haart op haart kënnt, op en Enn kommen. Eng ganz Rei vu grousse Casinobedreiwer zeien elo schonn an Erwägung, hir siwe Saachen ze paken a sech zu Malta néierzeleeën.

Andrej Müller
Juni 2020