FCA freet Casinoen, hir Finanzberichter no hannen ze réckelen

Casino Akommes Rapporten op waardenDen FCA, britesche Büro fir Finanrapporten, huet all d’Firmen aus dem Vereenegte Kinnekräich, déi an der Casino-Industrie schaffen, gefrot, fir d’Verëffentlechung vun hire Finanzbericht fir de Moment no hannen ze verréckelen. Vill Firmen sollten hire Finanzbericht fir 2019 elo demnächst public maachen. Den FCA allerdéngs freet, dëst eng zwou Wochen no hanne ze réckelen. Firme kënnen dann hir Zäitspann vum Finanzbericht no dëser Period nei revaluéieren.

Dës Ufro koum no dem globalen ekonomeschen Impakt vun der Coronavirus-Kris. De Sonndeg, 22. Mäerz huet den FCA eng Ausso verëffentlecht, an där et heescht, dass britesch Firmen a Rechnungspréifer de Moment Problemer a Schwieregkeete erliewen, déi an där Form komplett nei fir se sinn. Domat geréit de System ënnert enormen Drock. Net iwwerpréiften Finanzberichten ze publizéieren, obwuel dat bis dato well esou gemaach gouf, géif just weider zu de Schwieregkeeten am Systen bäidroen.

D’Verëffentlechung vum 888 Holdings muss waarden

Dem 888 Holdings, ee vun de Casino-Giganten, ass den éischten, dee vun dëser neier Mesure betraff ass. D’Firma sollt hire Finanrapport vun 2019 de 24. Mäerz virstellen. Dee Rapport hëlt all véier Quartaler vum leschter Joer ënnert d’Lupp, esou wéi d’Situatioun vun der Entreprise zum Schluss vum Joer. Nodeem s d’Firma awer elo der Ufro vum FCA entgéint kënnt, gëtt vir déi nächst Zäit näischt public gemaach. En neie Verëffentlechungstermin gouf nach net festgeluecht. D’Firma informéiert awer, hir Aktionnären iwwer all Entwécklung ze informéieren.

Den FCA huet ausserdeem nach bäigefügt, dass vill britesch Firmen hire Finanzrapport zwar presentéieren, mee dat generell net verpflichtend oder néideg ass- Weder d’Transparenzdirektiv, nach de Listing-Regelment gesinn esou eppes fir. Et handelt sech dobäi ëm eng Praktik vun de Firmen, déi domadder hiert Vertrauen, Loyalitéithas an Transparenz vis-à-vis vun den Aktionnäre wëlle weisen. A fir dat ze maachen, mussen d’Firmen net déi véier Méint laang Audit-Phase ofwaarden.

Verëffentlechungszäitplang soll iwwerschafft ginn

Eng weider Ufro vum FCA ass un déi britesch Casino-Entreprise gaangen: All betraffen Organisatioun ass gebieden, hiren Zäitplang fir d’Verëffentlechung vum Finanzbericht nach eng Kéier ze konsideréieren a sécherzestellen, dass ok déi jëtzeg Situatioun ronderëm d’Pandemie mat erafléisst. Den FCA schafft hei enk mat der Prudential Regulation Authority zesummen, fir Riichtlinnen doriwwer festzeleeën.

Andrej Müller
avril 2020