Den CEO vum online Casinobedreiwer hält op

Global Gaming CEO verléisst d’Firma
Den online Casinobedreiwer Global Gaming trennt sech elo offiziell vu sengem CEO Tobias Fagerlund, och wann den Depart net ongënschteg ass. D’Firma ënnergeet grousse Changementer, déi ënnert dësen Emstaenn als wichteg ugesi ginn.

Global Gaming huet eng schwéier Zäit duerchlieft an 2019 war dobäi e Period vu groussen Onrouen. De fréiere CEO, Joacim Moeller, huet missen zrécktrieden nodeems eng Rei Investigatioune géint hie lancéiert goufen. De schwedesche Regulationsgroup Spelinspektionen huet der Firma grouss Virwërf gemaach, déi schlussendlech dozou gefouert hunn, dat den Ninja Casino zougemaach ginn ass, an dat eng Bedreiwerlizenz oferkannt gouf.

D’Online-Casino Firma huet reagéiert andeems si de Möller dozou gezwongen huet, seng Positioun ze verloossen, an hien duerch de Fagerlund ersat huet.

Luewenswäert Leeschtungen

Soubal hien den neie Rôle als CEO vum online Casino iwwerholl huet, huet de Fagerlund Efforte gemaach fir d’Lizenz vum Ninja Casino zréck ze kréien. Allerdéngs huet hien dobäi gescheitert.

Obwuel hien sech do net duerchsetze konnt, huet hien an aner Aspekter bis elo gutt ofgeschnidden. De Vertrieder vu Global Gaming, Niklas Braathen, huet deem an enger offizieller Matdeelung zougestëmmt. Hien huet erkläert, dat de Fagerlund gutt an de Rôle vum Leader erapasst an doduerch e positiven Impakt op d’Zukunft vun der Firma wäert hunn. Hien huet ausserdeem ënnerstrach, dat un eng Rei Restrukturatiounsprojete geschafft gëtt, déi extrem noutwenneg si fir d’Firma nees op d’Been ze stellen.

De Braathen huet confirméiert, dat d’Firma elo an eng nei Ära kennt, an dat hir Positioun nach eng Kéier iwwerduecht muss ginn. Dozou huet hien nach gesot, dat de Fagerlund, no all deem wat hie gemaach an erreecht huet, Luef verdéngt huet.

Eng nei Ära

Braathen huet dono matgedeelt, dat ab elo d’Positioun vum CEO enger Persoun zougedeelt gëtt, déi sech och op Malta befënnt, well dat d’Plaz ass vu wou d’Firma bedriwwe gëtt. Dowéinst huet de Virsëtzenden decidéiert, dat direkt e neie Kandidat fir des Positioun ausgewielt gett.

Esou wéi et ausgesäit, ass dat am Moment de Christian Rasumssen. Allerdéngs ass dat net d’Enn vun der Affär. De Rasmussen ass nämlech nëmmen ënner Vertrag fir kënne Conseilen ze ginn. Dowéinst wäert hien net fir eng laang Zäit de CEO bleiwen. Global Gaming huet eng Astellungskampagn lancéiert an et sicht een nach ëmmer no enger Persoun, déi des Aarbecht op laanger Dauer iwwerhuele kann.

Egal wéi, et gesäit esou aus als ob d’online Casinofirma endlech aus der schwéierer Phase erauskënnt an elo nees erëm Perspektiven huet.

Andrej Müller
Oktober 2020