Casino-Industrie bléckt enger Baisse am Revenuen vun 11% an d’Aen

Revenu vu Casinoen geet duerch de Covid-19 erofDéi nei Covid-19 Coronavirus-Pandemie huet op der ganzer Welt an den ënnerscheedlechsten Industrien fir Onrou gesuergt – vun der Tourismusbranche bis d’Online-Casino Industrie. Elo warnt déi europäesch Spillkommissioun: casino brands kéinten duerch déi Covid-19-Pandemie eng Baisse am Revenu vu bis zu 11% gesinn.

D’Prognose fir de globale Bruttogewënn fir 2020 goufen zënter der weltwäiter Coronavirus-Kris vun 473bn$ op 421bn$ no ënnen ugepasst. Dës Zuele spigelen éischter d’Zommen aus dem Joer 2016 erëm, sou d’Analyste vun der Casino-Industrie an vum neien wëchentlechen COVID-Impact Tracker.

Online-Branche soll dovu profitéieren

De Bedreiwer vum Tracker, den H2 Gambling Capital, mengt, dass den weltwäiten Online-Casino an d’Wett-Spiller an dësem Joer kéinten an d’Luucht goen. De Revenu vun der Online-Casino Branche kéint hei an nëmmen e puer Méint vun 13,2% op 15,7% eropgoen.

D’Firma mengt awer, dass duerch déi vill annuléiert Sportevenementer op der ganzer Welt d’online Wett-Spill staart kéint leiden, wat en Impact op d’Casino-Branche hätt. Déi Prognos bezitt sech net just op den online-Casino, mee och op offline-Bedreiwer.

Eng grouss Unzuel u verschiddene grousse Sportevenementer gouf duerch de Virus entweder ganz annuléiert oder op d’Mannst op en aneren Datum verluecht. Dozou zielen eng Rei Fussball-Kompetitiounen aus den europäesche Ligen, wéi z.B. déi English Premier League, déi däitsch Bundesliga, déi spuenesch La Liga, d’Europameeschterschaft, de Masters Golf Major an de Grand National. All dës Tournamenter hunn der europäescher Sportwett-Industrie bis dato ëmmer vill Suen erabruecht.

EGBA preparéiert sech op den Impakt

2018 hu Membere vun der EGBA iwwer 2,6bn€ Revenuen duerch digital Sportwetten verzeechent. Dat huet ganzer 44% vun hire gesamte Revenuen bei den online-Sportwetten ausgemaach. Dës Zuelen kéinte bedeiten, dat online-Operatiounen eng Méiglechkeet wieren, weidere Revenu ze geréieren a gläichzäiteg d’Sécherheet vun de Spillter an Notzer ze garantéieren, well doduerch jo sämtleche physesche Kontakt vermidde gëtt.

De Generalsekretär vun der europäescher Spill- a Wettassociatioun, de Maarten Haijer, ass traureg driwwer, dass eosu vill legendär Sportevenementer hu missen annuléiert ginn. Dat hätt offensichtlech en negativen Impakt op d’online Wett-Spill an op d’Casino-Branche.

Den Haijer huet awer och ënnerstrach, dass d’Gesondheet an d’Sécherheet vun den Notzer an der Ëffentlechkeet natierlech vill méi wichteg wier wéi Revenuen an dass d’EGBA sämtlech Décisiounen vun den Autoritéiten voll a ganz géif ënnerstëtzen. Wat d’Zukunft awer nach brénge wäert kann den Amend nach kee sou richteg soen.

Andrej Müller
März 2020