D’Schwäizer prett auslännesch online Casinoen ze verbidden

Auslänneschen Casinoen sollen verbueden ginn D’Spiller an der Schwäiz dinn sech zesummen wéinst engem bevirstoenden Changement an der Spillindustrie. D’Land wäert all auslännesch online Casinoen an aner Spillsäiten ab Ufank Juli verbueden.

Ënnert den neien strengen Echtgeld Spillgesetzer ass de Privileeg online Casinoen an der Schwäiz ze bedreiwen fir lokal Bedreiwer virgesinn. Fréier hunn d’Gesetzer net direkt online baséiert Glécksspiller verbueden, eng Lacune déi vun verschiddenen auslänneschen Spillbedreiwer benotzt gouf fir d’Spiller an der Schwäiz ze viséieren. Dat huet sech elo an der zweeter Halschent vun 2019 geännert, well d’federal Spillkommissioun Demanden fir Lizenzen vun lokalen Bedreiwer mat engem richtegen Casino traitéiert huet.

Schwaarz Lëscht mat auslänneschen Casinoen

Als Moossnam fir den Verbuet duerchzesetzen wäert d’Kommissioun eng schwaarz Lëscht mat den verbuedenen Domainen verëffentlechen. D’Kritiker hunn sech lautstark géint den Verbuet ausgeschwat, well d’Schwäiz doduerch zum Land mat den restriktiivsten online Glécksspill Gesetzer an Europa gëtt. Et gëtt erwaart dat d’auslännesch Bedreiwer wéinst dem Verbuet jäerlech 284 Milliounen US Dollar Verloscht maachen wäerten.

Spiller déi trotzdeem nach weiderhin online spillen wëllen mussen sech eng Alternative bei den online Säiten vun den lokalen Bedreiwer déi eng Lizenz am Juni kruten fannen. Et gëtt erwaart dat d’digital Plattformen vum Davos Casino, Grand Casino Baden a Grand Casino Luzern Ufank Juli lancéiert ginn.  

D’Oppositioun zum Gesetz ouni Erfolleg

Déi nei Spillgesetzer an der Schwäiz remplacéieren déi vereelzen Lotterie- an Wettgesetzer vun 1923 an d’Spillgesetz vun 1998. D’Jugendfraktiounen vun den freien Demokraten, den Gréngen Liberalen, der schwäizerescher Vollekspartei souwéi Anerer hunn sech dogéint geschwat an hunn op e Referendum gepocht.

D’Bedeelegung war relative niddreg, mee déijéineg déi dono gewielt hunn hunn zu 72,9 fir déi nei Gesetzer gestëmmt. Trotzdeem hunn d’Kritiker weiderhin déi nei Moossnamen mat den selwechten Argumenter wéi déi vun der Oppositioun kritiséiert.

Den Jugendfraktiounen no ass den Verbuet vun deenen Säiten stellt näischt Aneres wéi eng Restriktioun vun der Internetfräiheet duer. Kritik koum och vun der schwäizeresch Associatioun fir Informatioun, Kommunikatioun an technologesch Organisatioun, déi behaapt dat d’Gesetzer en negative Impakt op d’schwäizeresch digital Wirtschaft wäerten hunn.

Déi nei Gesetzer gesinn net nëmmen e Verbuet fir auslännesch Bedreiwer an eng limitéiert Verdeelung vun den Lizenzen un lokal Bedreiwer vir, mee fir kleng Poker Turnéieren ausserhalb vum Casino soll d’Präisgrenz fir Buy-Ins ausserdeem bei 200 CHF/176 Euro an d’Grenz bei den Preispooler bei 20.000 CHF leien. D’Gesetzer leen och Limitten fir Toppräisser bei klengen Lotterien an Auslousungen fest an et gesäit vir dat d’Revenuen vun den Steieren fir d’Behandlung vun Spillproblemer mat speziellen Programmer benotzt sollen ginn.

Andrej Müller
Juli 2019