EK géint den däitsche Sportswette Plang

Däitschland léisst sech vun de Warnungen vun der EK net bremsen

Däitschland ass prett aus Sportswetten e grousst Geschäft ze maachen. Mee trotz dëser Tatsaach an der dätscher Effizienz hunn d’proposéiert Pläng vum Land et net gepackt, d’Geriicht vun der europäescher Kommissioun dovunner z’iwwerzeegen. Nawell ass et den Däitschen duerch hir Aart a Weis gelongen de Géigendeel z’erreechen. Däitschland schéngt sech net wierklech dorëms ze këmmeren.

D’Kommissioun huet kierzlech e sougenannte bloe Bréif verfaasst an huet dobäi ënnerstrach, dat een sech Suergen mécht a freet op Däitschland amstand ass hir proposéiert Iddien duerchzesetzen fir illegal Sportswetten ze bekämpfen.

Säit laanger Zäit um Spill

D’Land huet säit laanger Zäit mam Gedanken vun engem massiv erweiderte Sportswetten Marché gespillt an d’Demande an dëser Hisiicht ass relative héich. Leit an Däitschland sinn verréckt nom Sport a wann d’Leit net d’Méiglechkeet hunn legal op Sporteventer ze wetten, dann profitéieren d’Bedreiwer vun illegalen Wetten am meeschte vun dëser Situatioun.

Dat geet allerdéngs am meeschten op d’Kascht vun den Leit déi gäre wetten. Déi illegal Bedreiwer si renomméiert dofir keng Sécherheetsmoossnamen virzegesinn a sech u moralesch Richtlinnen ze halen. D’Spiller déi oft Sitten an Plattformen besichen déi net reguléiert sinn verléieren schnell vill Suen a befanne sech an enger onsécherer Zone wéinst dem Mangel u Kontroll a Responsabilitéit.

Kontrolle sinn néideg

Dëse beonrouegenden Aspekt ass der Kommissioun no ee vun de Grënn hannert der dätscher Decisioun, Sportswetten legal z’encadréieren an doduerch besser ze kontrolléieren. Andeems ee gutt lokal Kontrollen aféiert loosse sech Ereegnesser an dësem krommen Beräich vum Internet vill méi einfach am A halen.

D’Bedreiwer versichen oft ongeschützt Spiller déi den Accès zu den Servicer via den ongereegelten Marché fannen auszenotzen, an Däitschland stellt dobäi keng Ausnam do, obwuel d’Kommissioun dat gären esou gesäit. D’Wourecht ass dat keng Kontroll keng Kontroll bedeit, net méi an net manner. Spiller zéien ëmmer den Kierzeren op den ongereegelten Marchéen an dat feiert zu enger Rei vun negativen Konsequenzen.

Länner conseilléiert nozelauschteren

De Problem fir d’EK schéngt d’Dauer vun der initialer Testphase ze sinn, déi gestart soll ginn fir d’Konsequenzen vun der erhéichter Toleranz géigeniwwer de Sportswettenbedreiwer z’analyséieren.

Et gouf eng Period vun 18 Méint proposéiert, déi allerdéngs der Europäescher Kommissioun no ze kuerz ass fir all méiglech Konsequenzen ausräichend z’analyséieren. Méi Fräiheet a Sputt fir d’Bedreiwer kann si och dozou verleeden, dëse Fräiraum béisaarteg auszenotzen wéi dat schonn oft de Fall war am Sportswettemilieu an an der iGaming Industrie. Bedreiwer tendéieren maximal dovunner ze profitéieren an zwar nees op de Käschte vun de Leit déi hir Wetten setzen.

D’Kommissioun huet proposéiert dat d’regulatoresch Testphase a Punkto Dauer an Approche modifiéiert gëtt, mee Däitschland schéngt den Prezisiounen net vill Opmierksamkeet ze schenken. Allerdéngs sinn offensichtlech net all Befirchtungen ongülteg soudatt all 16 Länner déi an der regulatorescher Testphase involvéiert sinn den Warnungen duerchaus méi Opmierksamkeet kenne ginn.

Andrej Müller
August 2019