2 nei Dëschspiller elo an den Microgaming Casinoen

Microgaming verëffentlecht 2 nei Spiller
Den Hiersteller Microgaming aus der Isle of Man huet d’Live-Dealer Spiller casino table gaming  Erfarung mat der Verëffentlechungen vun zwee neien Spiller nees nei definéiert fir sengem innovativen Geescht trei ze bleiwen. Den iGaming Software Fournisseur huet sech deslescht op d’Dëschspiller Sammlung fokusséiert an huet sech dowéinst mat verschiddenen onofhängeg Partner Studioen zesumme gedoen fir innovativ néi Produiten erauszebrengen. 

Elo sinn den europäeschen Blackjack an den amerikaneschen Roulette, déi allenzwee exklusiv vum Fournisseur sengem Partner Switch Studio entwéckelt goufen, déi rezentste Neierscheinungen an der premium Dëschspiller Kollektioun vun Microgaming.

Klassesch Glëckspiller an d’Liewen geruff

Den europäeschen Blackjack gouf fir d’éischt erausbruecht; eng modern Approche zu engem richtegen Klassiker. D’Spill weist en scheinen, knackegen an sophistikéierten Design vir mat enger geschmeideger an zeitgenössescher Benotzeriwwerfläch. Den Clienten ginn ausserdem exzellent Graphiken, en realisteschen an fléissenden Spilloflaf, spannend Kaarten-Animatiounen an authentesch Toun-Effekter ugebueden, déi aus dem Spill déi immersivsten Dëscherfahrung bei Microgaming maachen.

An dësem nei duerchduechten Klassiker hunn d’Spiller d’Méiglechkeet d’Versécherung, den Double Down, Split, Hit an den Stand erauszehuelen an si kennen zudeem hiren Spilloflaf mat éischtklassegen Funktiounen selwer upassen. Zu den Upassungs-Optiounen déi disponibel sinn gehéieren den Turbo Modus an en kamouden lénkshännegen Layout. 

Net weit eweg dovunner leit den amerikaneschen Roulette - d’amerikanesch Alternativ zum europäschen oder franséischen Roulette. Dëst stilvoll Spillvariatioun mat engem impressionanten amerikaneschen Design huet en ongleeflech realistescht Roulette-Rad mat engem passenden Ball an déi selwecht Wetten an Quoten, déi d’Spiller un hirem Liiblingsdëschsspill esou wäertschätzen.

Wéinst engem leeschtungsstaarken Spillcomputer erméiglecht dëst futuristescht Spill den Spiller anhand vun enger héich-moderner Statistiktafel den Iwwerbléck iwwert d’Wetten, Gewënner an Verloschter beizebehalen. Spiller kënnen hir preferéiert Wett-Optiounen späicheren an speziell Tabs benotzen fir op eng Vilfalt un am Viraus ausgewielten Wetten zouzegräifen. Ausserdeem gëtt et eng avancéiert Rennstreck Funktioun mat nach enger Wettsurface fir méi erfueren Spiller.

Optimiséierten mobile Spaass fir jiddereen

Déi nei Dëschspiller vun Microgaming an vun Switch goufen esou kreéiert dat si déi ultimativ Glécksspillerfarung op den Bildschierm vum online Spiller bréngen, egal ob si um Computer, Smartphone oder Tablet spillen. Allenzwee goufen fir mobil Geräter optimiséiert an Dir kënnt si am Porträt oder Landschaftsmodus genéissen, jee no Ären Preferenzen.

Den Tom David vum Switch Studio huet no den Verëffentlechungen kommentéiert dat hien gemierkt huet wéi d’Firma ganz begeeschtert ass well si déi zwee nei Spiller an den Microgaming Casinoen erausbruecht huet. Souwuel den amerikaneschen Roulette als och den europäeschen Blackjack ënnerstrachen d’Ambitiounen vun Switch fir den Dëschspiller Marché mat spannenden an mobil-frëndlechen Spilloptiounen zeréck an d’Liewen ze ruffen.

Andrej Müller
Mai 2019