EGBA seet, neien Online-Casino Traité geet net wäit genuch

EGBA kritiséiert däitsche Casino-Traité De Generalsekretär vun der europäescher Spill- a Wettassociatioun (EGBA), de Maarten Haijer, huet sech géint déi vun Däitschland virgeschloen Online-Casino Regulatiounen ausgeschwat. E seet se géifen net duerchgoen a kéinten d’Spiller net nees vu schwaarz-bedriwwenen Bedreiwer eweglackelen a bei legal online Spill- a Sportwettebedreiwer bréngen.

Den nei virgeschloenen Véierte Staatstraité vun Däitschland wëll eng landeswäit Legaliséierung vum Online-Spillsektor aféieren. Bis ewell ass Online-Spill just an engem Bundesland erlaabt, an zwar a Schleswig-Holstein. Wann den neien Traité bis a Kraaft trëtt, da wäert Online-Spillen landeswäit reguléiert sinn, iwwer all d’Sub-Sekteure verdeelt, den Online-Poker mat abegraff.

Iwwert de Véierte Staatstraité

Den neie Gesetzestext gouf am Mäerz dëst Joer gestëmmt. E gouf vun den offiziellen däitsche Staatschefs ugeholl an e soll, wat d’Casino-Industrie ugeet, den 1. Juli 2021 a Kraaft trieden. Gesetzesprojeten sinn dunn nokomm a goufen der Europäescher Kommissioun am Mee geschéckt, fir do guttgesprach ze ginn.

E gutt reguléierten Online-Poker-, Casino- a Sportwette-Marché soll bis 2024 ganzer 3,3 Milliarden Euro an d’Staatskeess bréngen. Wat awer eng Erausfuederung wäert duerstellen, ass déi ganz Spiller, déi den Amend op illegale Spillwett-Säite spillen, eriwwer op de reguléierte Marché ze huelen. D’Spiller mussen op iergend eng Aart a Weis dozou verleet ginn, vu selwem dëse Schratt ze maachen. A laut Haijer ass genee dat de jetzege Schwaachpunkt vun der virgeschloener neier Legislatioun.

Aktuell Form net dat Gielt vum Ee

Haijer ass der fester Iwwerzeegung, dass den neie virgeschloene Véierte Staatstraité just dann en afloss op de lokalen Online-Casino Marché kann hunn, wann en et fäerdeg bréngt eng Industrie ze schafen, déi méi attraktiv ass, wéi déi ganz illegal Plattformen, déi d’Spiller den Amend all notzen. Fir dat fäerdeg ze bréngen, misst ee sécher stellen, esou den Haiji, dass d’Spiller hei eng grouss Auswal u Marken, Produkter a Wettoptiounen hätten.

Déi Moossnamen, wéi se den Amend am neie Staatstraité stinn, kommen den uewe genannte Kritikpunkten net am Geringsten gerecht, seet den Haiji. Wat awer nach vill méi schlëmm ass wéi de Fait, dass déi geplangte Produkter der Demande vun de Spiller fir Auswal, Qualitéit a Varietéit net gerecht ginn, ass dass déi nei Regulatiounen esou streng a restriktiv sinn, dass een d’Spiller éischter domat op den illegale Marché verscheucht.

Déi nei Casino-Gesetzer missten dréngend nei iwwerduecht ginn, esou den Haijer.

Andrej Müller
Juli 2020