Europäesch Casino Associatioun kënnegt Verännerungen un

European Casino Association with changes
D’ICE London ass eng vun de gréissten Spill-Expo!en mat B2B Verbindunge fir all d’Memberen aus der casino Industrie. Hir jährlech Convention stell ëmmer déi neisten Innovatiounen a Changementer duer. D’ICE London 2020, déi vum 4. Bis de 6. Februar am ExCeL exhibition centre stattfonnt huet, war do keng Ausnahm.

Membere vun der Europäesch Casino Associatioun hunn zu den 35.000 Delegéierte gezielt, déi un de villen Evenementer, déi vun de 663 Ausstellungsmemberen organiséiert goufen, deelgeholl. Dozou zielen d’Generalversammlung vun der ECA, déi u sech scho vill Changementer an Innovatiounen presentéiert huet, ugefaange beim Committé.

Nei Committé-Struktur vum ECA gouf virgestallt

Déi Verännerungen am Committé vun der ECA waren noutwenneg, nodeems de Vize-President vum Committé, den Dieter Hoescher, am Januar aus gesondheetleche Grënn demissionéiert hat. Dës Entscheedung koum net laang, nodeems och d’Tracy Damestani entsteed hat, hir Funktioun als Vize-Virsetzend néeierzeleeën.  An och de Generalsekretär Philip Easthill hat am September d’lescht Joer säi Posten opginn.

Bei der Generalversammlung huet de Pascal Camia vun der Société des Bains de Mer – Monte Carlo dem Hoescher seng Funktioun als Vize-Präsident iwwerholl. Zudeem gouf de Committé vun 12 Memberen op 14 ausgewäit, esou dass elo och Eisterräich a Finland vertruede sinn.

D’Bettina Glatz-Kremsner vu Casinos Austria am de Jari Heindo vu Veikkaus goufen als neie Committés-Memberen ugeholl. De neie Committé ass op d’mannst bis Februar 2021 gewielt. Da gëtt déi nächst Generalversammlung organiséeiert. Zu hiren Haaptresponsabilitéeiten zielen d’Vertriede vun den Interesse vun hire Memberen an d’Auswäite vum Afloss vu europäesche Lizensen an den net-online Casinoen, sou de Präsident Per Jaldung no der Generalversammlung.

Tschechech Casino Associatioun trëtt bäi

De Reeglement vun der ECA fir responsabelt Spillen ass e wichtegen Deel vun der Assotiatioun, well et seng Memberen dozou verpflicht, just op Marchéën a Gebidder aktiv ze sinn, wou reguléiert Spille legal ass. Ausserdeem gi se dozou opgefuedert, responsabelt Wettspill ze promovéieren. Dräi nei Zertifikatiounen iwwer e virbildlecht Follege vun de Reeglementer goufe bei der ECA Generalversammlung un déi däitsch  Merkur Spielbanken Sachsen-Anhalt an d’Westdeutsche Spielbanken, esou wéi un d’Casino Société de Bains de Mer – Monte Carlo verdeelt. De serbesche Grand Casino Beograd huet seng Lizens nach eemol verlängert.

D’Spillorgan huet zudeem en neie Member opgeholl, anzwar déi Tschechech Republik. Déi huet 2017 eng nei Spilllegislatioun erausbruecht – déi éischte Kéier säit 1990. Dobäi gouf déi bestoend Legislatioun reviséiert. D’Revisioune si bis an d’Joer 2018 gaangen an hate zum Zil, Spillbedreiwer ze reguléieren, d’Steieren ënner d’Lup ze huelen, illegal Maachereien ze sanktionéieren a Spiller mat onresponsabele Spilltendezen ze hëllefen.

Dat huet zum Resultat, dass d’Spillindustrie an Tschechien verbessert gëtt, esou datt se den neie Standarden vun der ECA entsprécht. Bei der ECA Generalversammlung gouf déi tschechechCasino Associatioun als neiste Member ugeholl.

Andrej Müller
Februar 2020