FIFA 20 Ultimate Team ass keen Glécksspill

FIFA Spill gëtt mat Glécksspill verglach Den Videospill-Entwéckler Electronic Arts, besser bekannt als EA Games, huet op eng wäitverbreeten Kritik bezüglech dem FIFA 20 Ultimate Team online Kaartesammlung Spill geantfert andeems een behaapt huet, dat et hirer Meenung no keen Glécksspill duerstellt.

D’Belsch huet als éischt gesot dat et sech hei ëm en Glécksspill handelt an dat et sech dowéinst net fir Kanner an Spiller mat enger gewëssener Spillsucht eegent. D’belsche Autoritéiten mengen dat et sech ëm en Glécksspill handelt wéinst der Aart a Weis wéi d’Kaarten gesammelt ginn. Dozou kënnt dat richteg Suen benotzt ginn fir des Kaarten ze sammelen.

Allerdéngs kënnen och Punkten benotzt ginn fir d’Kaarten ze sammelen, déi di verschidden Futtball Spiller duerstellen. D’Ziel vum Spill ass et eng Draamequipe opzestellen mat den disponibelen Kaarten. Et kritt een Punkten andeems een gewëssen Aufgaben erfëllt, wéi zum Beispill Matcher gewannen, mee et kann een si och einfach kafen.

D’Belsch ass dogéint

FIFA 20, wat vun EA Sport, enger Abteilung vun EA Games, entwéckelt gouf, wäert offiziell säin Ultimate Team Optioun den 24 September erausbréngen. Bis elo ass d’Belsch dat eenzegt Land wat sech mam Spill wéinst sengen Ähnlechkeeten zum Glécksspill beschäftegt huet. EA seet dat et d’Spill net verëffentlecht hätt wann et seng eegen Aktiounen als illegal consideréieren géing.

D’Meenung vun der Belsch schéngt sech op déi selwecht Logik ze baséieren wéi hir Meenung zu den Lootboxen. Den Fait dat een eng ganz Sammlung vun Kaarten fir richteg Suen kafen kann ouni dat den Spiller am Virfeld weess weien Futtball-Spiller sech op den Kaarten befënnt ass dem Prinzip vun Glécksspiller relativ ähnlech: et keeft een Bonussen an Funktiounen während dem Spill ouni dat een d’Héicht vun den Profitter onbedéngt kennt.

E bëssen wéi d’Lootboxen

Aaron McHardy, den exekutiven Hirsteller vun FIFA 20, besteet drop, dat d’Méiglechkeet sech d’Kaarten ze kafen fir den Spiller just eng aner Aart a Weis ass fir mam Videospill  z’interagéieren. Interessanterweis stellt een fest dat et eben och EA Games war, déi am Fokus vun der Lootbox Kontrovers stoungen als et deemools an den Noriichten war.

Andrej Müller
Juni 2019