D’Europäescht Online-Spillen muss sech zesummendoen, esou d’EGBA

 EU Online Spillerinne Gesetzer musse vereenegt ginnDen Europäeschen Spill- a Wettverband huet nees un d’Politiker an Europa appeléiert, fir eng eenzeg Sammlung u Gesetzer erauszeginn, déi iwwer d’Online-Spille bestëmme sollen, anzwar nodeems eng Étud iwwer den europäesche Bannemaart an den Notzerschutz virum Parlamentscommittée vun der Europäescher Unioun presentéiert gouf.

Dat ass en interessant Thema an der Welt vum internationalen Online-Spill an den Online-Wetten, säitdem am Juli annoncéiert gouf, dass en vereenheetlecht Gesetz agefouert sollt ginn. Weider Recherchen hu gewisen, dass en méi staarke Bannemaart mat vereenheetlechte Reegelen eng Erspuernis vu bal 6 milliarden Euro kéint bedeiten.

Resultat vun der Étud

Dës Recherche huet weiders och gewisen, wat aner Avantagen vun engem méi staarken a vereenheetleche Bannemaart wieren an huet méiglech ekonomesch Avantage fir Entreprisen a Bierger genannt. Dës géifen entstoen, wann déi virgeschloe Mesuren weiderbruecht géife ginn. Et gouf och gesot, dass d’Europäesch Unioun bis zu 5,6 milliarden Europ d’Joer un Notzerschutz spuere kéint, wann den online Spillsektor mat aberechent géife ginn. Deen gëtt nämlech op 20 milliarden Euro pro Joer geschat.

Dës Reaktioune kommen, nodeems d’Europäesch Komissioun 2014 agestaanen huet, dass méi fir de Schutz vun Notzer muss gemaach ginn a Schutzmesuren a Kraaft triede missten. Bis elo huet awer just ee Memberstaat dës Recommendatioun emgesat.

Konsumenteschutz ass e Problem

Verschidden Niveauen vu Konsumenteschutz ass e Bräich, deen d’EGBA schonn eng Kéier als problematesch agestuuft huet. Seriö Defiziter sinn opweisbar, well 28 individuell an onoofhängesch national Gesetzer sech géigesäiteg  am Wee stinn a sech deelweis signifikant vuneneen ënnerscheeden. Doduerch ginn onnëtzlech national Barrieren geschaf.

De Grupp huet ausserdeem och betount, dass Mëttele wéi “Geo” oder d’Blocke vu online casino Bezuelméiglechkeeten de Spiller eigentlech weider enger Gefor aussetzen, wéi ëm ze hëllefen, well de Spiller doduerch op Säite geschéckt gëtt, déi net ënnert der Kontroll vun der EU leien. All dës Problemer kéinten geléist ginn, andeems eng Gesetzessammlung fir all d’Memberstaaten agefouert gëtt. Doduerch kéint een verschidde Spillaktivitéiten méi genee kontorlléieren a beobachten an doduerch de gesamten Standard wat de Notzerschutz ugeet, hiewen.

De Maarten Haijer, Generalsekretär vun der EGBA seet, et wier déi bescht Léisung, andeems eng Gesetzessammlung fir all d’Memberstaaten anzeféieren. Doduerch géif d’Regulatioun am Sektor verbessert ginn an d’Entreprisen, wéi och d’Notzer géifen doduerch vill Sue spueren a méi Schutz genéissen.

Andrej Müller
September 2019