Dem Fugaso seng iGaming-Mark wiisst

Fugaso um Erfollegszuch an der iGaming-Industrie
August 2019 war e grouse Mount fir den internationalen Content Creator Fugaso (Future Gaming Solutions). Hiren Jackpot an den entspriechende Gewënn ginn ëmmer méi grouss a gëtt am August bal sechsstelleg. Dozou kënnt, dat se grad en Deal mat der leedender online Spill-Plattform SoftGamings ënnerschriwwen hunn, der Firma mat den exclusive Rechter op Fugaso Inhalter.

Dat ass e grouse Schratt fir d’Spillentwéckler an ass Deel vun hirem Plang fir eng schnell Expansioun. D’Firma hat ugekënnegt, sech op Expansiounsmodus ze befannen, mam Zil, sech global auszebreeden an eng bedeitend a stark Positioun um Marché anzehuelen. Hir immense beléift Inhalter, déi se ubidden, hëllefen hir net onbedeitend bei dëser Ambitioun.

Vertrag mat SoftGamings

Fugaso hue ten exklusiven Deal mam Online-Casino Content-Ubidder GrooveGaming. Fugaso krééiert, entwéckelt an ënnerstëtzt all hir Online-Spiller, während GrooveGaming sech drëms këmmert, se bei ënnerscheedlech Bedreiwer ze bréngen. GrooveGaming huet exklusiv Rechter op d’Spiller an ass och déi eenzeg Plattform, op déier all d’Ubidder sech umelle mussen, fir d’Fugaso-Spiller op hire Plattforme kënnen unzebidden.

SoftGamings ass elo den aktuellsten vun de gréisseren Ubidder, mat deene si e Vertrag ënnerschriwwen hunn a soumatt an hir Equipe geholl hunn. Den Deal, esou gëtt gesot, gehéiert fir déi zwou Partien zum Strategieplang. D’Irina Sazonova vu SoftGamings huet gesot, d’Firma géif hoffen, op déi sech permanent verännernd Wënsch vun de Clienten kënnen anzegoen, andeems Inhalter vu Fugaso ugebuede ginn. SoftGamings hat well enormen Drock vun hiren Notzer, fir nei, innovative an opreegend Spiller erauszebréngen. D’Sazonova ass dovun iwwerzeegt, dass beléift Titlen ewéi Stoned Joker, Fugaso Airlines, Imhotep Manuscript an Trump It Deluxe op d’Bedierfnisser vun de Spiller wäerten agoen.

Emmer méi grouss Jackpots

Ee Grond, firwat Fugaso-Spiller esou beléift bei de Spiller sinn, sinn hir grouss a grousszügeg Jackpots. Dozou kënnt, dass Notzer dës Jackpots tatsächlech knacken a Sue gewannen. Dat heescht, se ginn net als komplett onerreechbar ugesinn vun der Community. Am August huet e Spiller mat just 2 Euro an enger Emdréiung um Rad eng bal sechsstelleg Zomm gewonnen. An dobäi hat et sech just em de Midi-Jackpot gehandelt fir The Mummy 2018: Block Pays.

All Spill an dësem Network kënnt mat dräi verschiddenen Jackpots, déi ee gewanne kann: Mini, Midi a Maxi. Dëss entwéckele sech och permanent weider, wat de Spiller méi wait kënnt a wat e méi Sue gewënnt. Insgesamt vergéisseren déi Jackpots sech an all Spiller huet d’Méiglechkeet, e grousse Gewënn ofzekasséieren. Doduerch kommen d’Spiller ëmmer nees heihinn zeréck.

Andrej Müller
September 2019