Gameburger elo am Microgaming-Portfolio

Gameburger a Microgaming schléisse sech zesummenKnapp e Mount no senger Grënnung gouf de frëschgebaken onofhängegen Entwéckler vu Casinospiller, Gameburger Studios, an de Portfolio vum féierenden Entwéckler vu Casinosoftware Microgaming opgeholl. Mat dësem neie Partenariat ginn d’Gameburger Studios an d’Reie vun, ënner anerem, Pulse 8, Switch a Stormcraft Studios, opgeholl, fir de Spiller am groussen Online-Casino-Reseau vu Microgaming nei an exklusiv Inhalter ze liwweren.

Klasseschen American-Style Gaming

Op sengem Internetsite beschreift Gameburger Studios seng Missioun domat, klassesch American-style Spiller mat innovative Grafiken, héich interaktive Spiller an uspriechendem Sound unzebidden, déi vill Entertainment beim Online Gaming garantéieren. Den Entwéckler leet vill Wäert drop, bei all sengen Titelen dat Neist am Beräich visuellen Design, Mechanik a Funktionalitéiten ze bidden.

De Kreativdesigner vu Gameburger Studios, de Matt Carvajal, huet matgedeelt, datt d‘Content Development-Firma ganz begeeschtert ass, sech mat Microgaming zesummenzedinn. Hien huet dobäigefüügt, datt Gameburger sech drop freet, nëmmen dat Allerbescht vun dem beschten neie Content fir dat grousst Bedreiwernetzwierk vu Microgaming ze liwweren.

An enger offizieller Matdeelung huet den John Coleman, CEO vu Microgaming, annoncéiert, datt den Entwéckler vun der Isle of Man mat grousser Freed Gameburger Studios a säin internationale Reseau vu Spillentwéckler-Studioen ophëlt. Hien huet d’onermiddlech Innovatioun, d’Erfarung an d’Perséinlechkeet vun der Equipe vu Gameburger als Schlësselfacteuren ervirgehuewen, déi et Microgaming erlabe wäerten, dem Marché weiderhin eenzegaarteg Inhalter mat ville Features ze liwweren.

Break da Bank Again Respin

Deen éischten offizielle Release vu Gameburger Studios op der Plattform vu Microgaming ass Break da Bank Again Respin, eng Fortsetzung vun dem beléifte Break da Bank aus dem Joer 2008. E gëtt dës Woch exklusiv bei de Microgaming-Bedreiwer agefouert.

Mat enger verbesserter Grafik, héijer Volatilitéit, der Respin-Funktioun vu Microgaming, méi engem héijen duerchschnëttleche Rendement fir d’Spiller (RTP), a Re-triggering Fräispiller, versprécht Break da Bank Again Respin souwuel deenen ale Fans wéi och ganz neie Spiller gläich gutt ze gefalen.

Dem Carvajal no huet Break da Bank Again Respin all déi ursprénglech Ingrediente vun der éischter Ausgab an zousätzlech de beléifte Respin-Mechanismus vu Microgaming, markant visuell a Sound-Effekter an, am allerwichtegsten, méi en héijen duerchschnëttlechen RTP.

Nei Generatioun vun Entwéckler

Microgaming beschreift säi Portfolio vun autonome Spillstudioen als eng nei Generatioun vun onofhängegen Entwéckler. Nieft Gameburger fënnt een an dësem Portfolio Nimm wéi Pulse 8, All41, Switch, Fortune Factory, Slingshot, Stormcraft an Triple Edge Studios.

D’Zesummenaarbecht mat dësen onofhängege Studioen erlaabt et Microgaming, méi innovativ ze sinn an um Marché méi e grousse Choix unzebidde fir de Bedreiwer an hire Clienten déi beschte Spillerfarung ze bidden.

D’international Spillindustrie waart mat Spannung drop, wéi en onofhängegen Entwéckler Microgaming als nächsten a säin exklusive Portfolio ophëlt.

Andrej Müller
August 2019