>   Casino Neiegkeeten   >   Greisste Progressive Jackpot Gewenn Vun 2018

Progressiv Jackpot Gewënn déi Rekoder erziilt hunn

Andrej Müller - 04 December 2018

rekordbriechend Gewënn bei progressive Slot-Spiller2018 war kee klengt Joer wann et dodrëms goung, Spiller hire Gewënn aus ënnerscheedlechen progressive Jackpots online Slot-Spiller auszebezuelen. Microgaming huet nees Rekorder gebrach, NetEnt kënnt esouguer ganzer zwee Mol op der Lëscht fir an Yggdrasil huet et och op d’Lëscht gepackt.

Plötzlech Millionär ginn

Am LeoVegas hätt een dësst Joer sole spillen. Dësen Ubidder huet op senger mobile Plattform 2 Spiller op senger Lëscht ausbezuelt. Den éischte war bei den NetEnt Hall of Gods Slots-Spiller, bei deenen de Spiller 10€ iwwert den Handy agesat hat a just en Aabléck méi spéit ganzer 6,7 Milliounen Euro hat. Den zweete war beim Yggdrasil-Spill, bei deem e Spiller aus Schweder via Handy just 5 SEK beim Spill “Joker Millions” agesat hat an den Haaptgewënn vu ganzer 7.831.370€ ofkasséiert huet.

En anere Schwed huet och den anere grouse Präis vun NetEnt dëst Joer ofkasséiert. De Mega Fortune Jackpot gouf just 3 Stonnen, nodeems de Spiller säi Kont opgemaach hat, aktivéiert. De Präis vu 6 Milliounen Euro gouf gläischzäiteg mat den 650.000€ fir de Mega-Jackpot ausbezuelt.

Mega Moolah brécht säin eegene Rekord

Mega Moolah, dat weltbekannt Spill vu Microgaming hat souwisou schonns de Weltrekord fir de gréisste progressive Jackpotgewënn gehalen, anzwar Dank dem Gewënn vum briteschen Zaldot aus dem Joer 2015, bei deem dësen ganzer 13.213.838,68£ mat Heem geholl hat. Dëst Joer huet allerdengs e Client vu Grand Mondial 18.915.872,81€ gewonnen an domadder Geschicht geschriwwen. Och dësen anonyme Spiller hat vu sengem Handy aus gespillt a just 75c abezuelt, ier de grouse Gewënn gezu gouf.

Playtech kënnt an d’Spill

Den Playtech Jackpot Giant Progressive huet dëst Joer och e grouse Gewënn ausgeschëtt, anzwar d’Zomm vun 12.305.243$ den 20. Oktober 2018. Dat ass réischt déi zweet Kéier zënter senger Verëffentlechung, dass dëst Spill esou e Gewënn ausgeschëtt huet. Vill Spiller hate schonn d’Hoffnung opginn oder d’Spill opginn, well se keng Gedold méi haten. Fir déi gedëlleg huet et sech also endlech gelount gehat. D‘Informatiounen iwwert de Gewënner oder vu wou aus e gespillt huet gëtt et allerdéngs keng.

De 26. Oktober, just e puer Deeg duerno, huet och de Beach Life vu Playtech e Groussgewënn vun 3.063.865$ erausginn. Och hei gëtt et keng Informatiounen iwwert de Gewënner oder vu wou aus e gespillt huet. Eng Saach steet awer fest: E gemittlecht a suergefräit Liewen ass fir deen hei net méi just en Draam!

Quell:
https://www.casinolistings.com/

Copyright © 2019 www.online-casinos.lu | Datenschutzrichtlinie