Neien Accord mécht Habanero iwwer Playtech accessibel

Habanero a Playtech si Partner
Jiddereen, dee schonn eng Kéier d’Chance hat, e Spill ze spillen, dat vun Habanero Systems entwéckelt gouf, weess, dass seng rezent Opnam an d’Open Platform vum Maartleader Playtech keen Zoufall war. Habanero huet konsequent nëmmen héich qualitativ Dësch- a Slots Spiller agefouert. Dank dem Partenariat, dat viru Kuerzem tëschent Playtech an Habanero ënnerschriwwe gouf, wäert Habanero geschwënn an der Lag sinn, Millioune vun neie Spiller an der globaler Spillszen ze erreechen; an dat méi ewéi jee virdrun.

Et gouf bestätegt, dass Habanero dem neien Accord no net nëmme seng zukünfteg Releasen op der Open Platform vu Playtech lancéiere wäert, mä dass och säi ganze Portfolio vun bestehenden Titelen op d’Plattform gesat gëtt. Dat bedeit fir den Entwéckler déi gréissten Expositioun a senger ganzer Geschicht bis haut.

Habanero begeeschtert fir mat Playtech zesummenzeschaffen

Habanero ass zu Recht begeeschtert, d’Méiglechkeet kritt ze hunn, an d’Netzwierk vun de vu Playtech-Fournisseuren opgeholl ze ginn. Den Arcangelo Lonoce, European Head of Business Development vun Habanero, huet de rezenten Deal, dee fir Schlagzeilen an de Casinonoriichte gesuergt huet, kommentéiert a gesot, dass Habanero virun allem dofir esou begeeschtert ass, well Playtech eng vun den renomméiertste Plattform-Fournisseure vun aggregéierten Inhalter ass. Et ass immens spannend, en Deel vun alldeem ze sinn, sou nach de Lonoce.

De Lonoce huet weider erkläert, wéi spannend et fir hien ass, zu der Equipe vun Habanero ze gehéieren, well dat fir den Entwéckler en éischte Virstouss an déi international Spillerwelt ass. An dat gouf alles duerch Playtech méiglech gemaach, huet den Head of Development ervirgestrach.

Deemnächst an d’Offer opgeholl

De Lonoce huet och gesot, dass d’Equipe vun Habanero sech drop freet, déi bestehend Bedreiwer-Clientèle vu Playtech mat allem, wat den Entwéckler un aktuellen an zukünftegen Inhalter ze bidden huet, ze beandrocken.

D’Plattform vu Playtech profitéiert vun den iwwer 100 Slot-Titelen, 13 Dësch-Spiller a beandrockend 10 Video Poker Spiller, déi elo dank Habanero an deem neien Accord dobäikommen. D’Beräicherung duerch héichwäerteg an nei Inhalter wäert Playtech genee esou zegutt komme wéi Habanero vun der globaler Expositioun profitéiere wäert.

De Partenariats-Accord gesäit vir, dass déi ganz Famill vu Member-Bedreiwer vun der Playtech-Plattform Zougang zu der kompletter Gamme vun top-qualitative Spiller a Slots hunn. Zukünfteg Releasë vun Habanero ginn am selwechte Moment, wou se lancéiert ginn, opgeholl.

Andrej Müller
Oktober 2019