Hacksaw vergréissert sech duerch Deal mat Royal Panda

Hacksaw Gaming ënnerschreift mat neiem PartnerEn neie Content-Creator méecht sech um europäesche Marché breet. D’ried ass vu Hacksaw Gaming, dee viru kuerzem och d’Lizens vun der UK Gambling Commission huet. Duduerch huet dës Entreprise vu Malta d’Rescht, hir Spiller an den Online-Casinoen mat Bedreiwern mat UK-Lizensen unzebidden. An den éischte Grupp, mat deem Hacksaw Gaming sech do zesummegedoen huet, ass Royal Panda.

An deenen nächste Méint wäerten, esou wéi am neien Vertrag néiergeluecht gouf, Hacksaw Gaming d’Inhalter vu Relax Gaming op der Plattform benotzen, fir Royal Panda mat engem volle Portfolio vun online-Casinospiller ënnerstëtzen ze kënnen. Dës Spiller wäerten net just fir d’aller éischt an de UK live goen, mee iwwerall a fir all Royal Panda Spiller an alle Regiounen, fir déi se eng passend Lizens hunn. Spiller, déi d‘Royal Panda Plattform benotzen, kënne sech also hei op Spiller wéi Miami Multiplier (déi lescht Verëffentlechung vu Hacksaw Games), OmNom a Stick ‘em freeën.

Online Welle schloen

Hacksaw Gaming ass nach ëmmer relative nei um Marché, mee et schléit scho grouss Wellen an huet schonn e gudde Ruff. No engem staarke Start a senger Heemeschtsregioun Malta, hat d’Firma de ganzen europäesche Marché am Viséier. Déi éischt Regioun, déi hinnen eng Lizens ginn huet, war d’UK. An elo kan d’Firma sech offiziell an de Marché lancéieren, an zwar duerch hiren Deal mat Royal Panda.

Den Chief Operations Officer vu Hacksaw Gaming, de Marcus Cordes, sot, dass et sech em e wichtege Moment fir d’Firma géif handelen an déi nächst Entwécklunge mat grousser Sécherheet interessant wäerte sinn. Se free sech ausserdeem drop, enk mat Royal Panda zesummenzeschaffen u vun hiren Erfahrungen um UK Marché ze profitéieren.

Royal Panda an neiem Look

Ee vun de Grënn wisou Royal Panda besonnegt vill Loscht op dës Partnerschaft hat, war de gudde Ruff, deen dem Hacksaw Gaming virausgeet. D’Firma ass fir déi gutt Inhalter, déi se produzéieren, bekannt a gëtt reegelméisseg nei Verëffentlechungen eraus, esou de Managing Director fir Royal Panda, de Melvin Ritsema.

Nei Spilliddiien ass eppes, wat déi zwou Firmen mat Sécherheet gemeinsam hunn. Hacksaw Gaming huet ausserdeem bäigefügt, dass se sech besonnegt op d’Innovatioune freen an dass sech dobäi fir d’éischt emol op déi mobil Versiounen konzentréiert gëtt. Rubbelkaarten ass nach eppes, wat hei ugebuede gëtt, well se festgestallt hunn, dass hir Spiller déi ganz besonnegt gär hunn.

Andrej Müller
Dezember 2019