Hacksaw ënnerschreiwe Vertrag iwwer Casino Spiller mat GiG

Neien Hacksaw Gaming Deal
Hacksaw Gaming stécht duerch hir Spezialiséierung op online Rubbelkaarten vun aneren iGaming-Entwéckler ervir. Dës Spezialisatioun an aner casino-spiller vun hächster Qualitéit hunn hinnen elo en neie Partner abruecht, nämlech iGaming-Gigant Gaming Innovation Group (GiG). De GiG bitt eng vun de gréissten a villfältegste online Plattformen aus der Branche un.

Vun elo uns ass déi gesamt Spillpalett vun Hacksaw Gaming op dem GiG senger Plattform fir Casino Spiller disponibel a soumat och fir sämtlech Partnerbedreiwer zougänglech. Dat ass eng grouss Réussite fir béid Firmen, deenen hir Presenz um iGaming-Marché doduerch gestärkt an d’Luucht goe wäert.

D’Industrie revolutionéieren

D’Decisioun vun Hacksaw Gaming, sech  virun allem op de mobile Marché ze konzentréieren, huet hinnen e grousse Virsprong bruecht. Hir Sammlung vun 33 Rubbelkaarte-Spiller, déi een um mobilen Apparat spille kann, ass e groussen Erfolleg. De Faite, dass d’Notzer iwwer Touchscreen d’Rubbelkaarten upake kënnen, war eng innovativ Iddi, déi hinne vill Opmierksamkeet bruecht huet.

Relativ schnell no der Rubbel-Revolutioun huet de Studio sech dru gemaach, fir eng nei Linn vu Slots erauszebréngen.

D’Slots konnten immens vum Kënnen vun der Firma profitéiere a weise sech mat enger Interface, déi schnell reagéiert an immens notzerfrëndlech ass. Genee dat zeechent nämlech d’Philosophie vum Design aus. Wéi ze erwaarden, goufen och d’Slots mat groussem Enthousiasmus a vill Luef opgeholl.

Mat engem Portofolio vu Casino Spiller, deen expandéiert, huet de Studio also decidéiert, nei Distributiounspartneren ze sichen. Dobäi erauskomm ass déi elo offiziell Partnerschaft mat GiG – e groussen Erfolleg fir Hacksaw an den éischte Schratt rRichtung global Expansioun.

De perfekte Partner

D’Ashley Bloor, Leederin vum GiG, lueft den Entwéckler fir seng verréckt an innovatic Casino Spiller. D’Spiller géifen op alle Fall op déi nei Plattform passen a géife mat Sécherheet bei den Notzer ukommen.

De Marcus Cordes, Chef Operations-Officer bei Hacksaw Gaming, deelt hir Meenung. Weiders füügt en nach bäi, wéi opreegent et wier, de Wee zu esou ville potentiellen neien Notzer fräigemaach ze kréien, déi, wéi en hofft, all grousse Spaass un de mobile-frëndleche Rubbelkaartespiller fanne wäerten.

En Deel vun de Spiller vun Hacksaw Gaming sinn elo schonn op der Plattform vum GiG ze fannen an all Dag sollen nei Spiller bäikommen, bis déi gesamt 33 Rubbelkaarte-Spiller an d’Slots all drop sinn.

Andrej Müller
März 2020