En neit Spillgesetz fir Holland

Holland féiert en neit Spillgesetz anKansspelautoriteit, d’hollänesch Autoritéit déi fir d’Glécksspiller zoustänneg ass, huet kierzlech eng grouss Ukënnegung gemaach. Et gouf verkënnegt, dat dat neit Spillgesetz no laangem Hin an Hir endlech en fixen Datum fir d’Akraafttrieden huet. Eng Ofstëmmung huet am Ufank vum Joer zu Gonschten vun enger Emsetzung vum Gesetz stattfonnt. Allerdengs ass den Projet schon virun zwee Joer am hollänneschen Parlament duerchkomm. Froen sinn opkomm wéinst der scheinbar laanger Demarche.

Trotz den langen Verzörgerungen gouf schlussendlech en genauen Datum fir d’offiziell Akraafttrieden festgeluecht. Et soll den Mëttwoch den 1ten Juli 2020 sinn. Déijéineg déi sech fir eng Lizenz bewerben wëllen sollen sech drop virbereeden dat d’Bewerbungen réicht no dësem Datum traitéiert ginn, obschonn een domat gerechent huet dat den online Glécksspill Marché offiziell bis den 1ten Januar 2021 nach net a Betrib ass. Et gesäit also dono aus als ob sech den ganzen Prozess nach iwwerzéien wärt.

D’Gestioun, eng héich Prioritéit

Et war den René Jansen, President vun der Kansspelautoriteit, deen déi offiziell Datumer an enger Konferenz an Holland verkënnegt huet. Hien huet kloer gemaach dat d’Spillgesetz eng Prioritéit fir d’Regulateuren ass an dat et am Fokus steet fir jiddereen deen doran involvéiert ass an den nexten zwee Joer.

Hien huet och am Detail erklärt wat dat neit Gesetz eigentlech mat sech bréngt an en huet ënnerstrach dat online Glécksspiller bis elo an Holland strikt verbueden waren. Mat dem neien Gesetz, dat seit dem 19ten Februar 2018 offiziell rechtlech verankert gouf, géingen Lizenzen accordéiert ginn déi online spiller erlaben. Allerdéngs sinn hei strikt Bedéngungen onëmgänglech, déi d’Regulateuren konstant kontrolléieren géingen.

Manner Regulatiounen fir virunzekommen

Den Justiz- an Sécherheetsminister entwerft am Moment manner exigent Regulatiounen fir d’Gesetz. Soubal dat gemach ginn ass, huet Kansspelautoriteit d’Méiglechkeet Konditiounen fir d’Geneemegungen opzestellen.

Den Jansen huet seng Ried ofgeschloss andeem hien soot dat soubaal et offiziell gëtt, d’Gesetz Villes vun den Regulateuren ofverlaangen wäert an dat vill dran investéiert gëtt et gesetzlech duerchzebrengen. Domat soll hien op déi Meenungen geäntfert hunn, déi déi laang Waardezäit fir d’Akraafttrieden vum Gesetz kritiséieren. Ausserdeem soot hien dat déijéineg déi intéresséiert wieren eng Lizenz ze kréien mat dem Regulateur op senger Websäit a Kontakt trieden sollen, domat een wees wéivill Geneemegungen erfuerderlech sinn.

Andrej Müller
Juni 2019