>   Casino Neiegkeeten   >   Holland Mat Neibestemmungen Fir Spillindustrie

Hollännescht Gesetz duerch weider illegal Spiller noutwenneg

Andrej Müller - 04 February 2019

Neit hollännescht Spillgesetz a SiichtHollännesch Spiller kéinte scho ganz geschwënn vun engem méi grousse Choix profitéieren. E Vote iwwer d'Neibestëmmung vun den hollänneschen Gesetzer iwwer d'Spillindustrie kéint an deenen nächste Wochen op den Dësch kommen. Geet de Vote positiv aus, sou kéint de Marché fir international Entreprisen opmaachen. Dëss sinn elo schonn um Marché illegal am Besetz vun 600 Milliounen Euro. E Marché, deen, laut rezente Studien, an de leschten zwee Joer em 20% eropgaangen ass.

20% illegale Wuesstëm

D'Resultater vun enger rezenter Studie vun der Firma Motivaction International hu gewisen, dass bal 2 Milliounen hollännesch Wettspiller hir Suen an international Bedreiwer investéieren. Dat bedeit eng Hausse vun 20% tëscht 2016 an 2018.

Am Moment ass déi hollännesch Spillindustrie komplett vum Stad bedriwwen a keng international Firma huet eng Lizens, fir hollännesch Spiller däerfen ze viséieren. Mee dat huet verschidde Firmen net dovunner ofgehalen, et awer ze maachen. An dëss onreguléiert Bedreiwer sinn e beléifte Choix bei lokale Spiller.

Holland Casino, déi d'Studie beantragt huet huet gesot, dass d'Resultat dorop hiweist, dass méi Regulatiounen an der Industrie noutwenneg sinn an dass Lizensen fir international Firmen mussen agefouert ginn. Niewent de Steieren, déi duduerch dem Stad verluer ginn, bedeit eng aféierung vu Regulatiounen och nach méi Kontroll a Sécherheetsmesuren vum Stad.

Online Casino-Spiller, Poker a Sportwetten sinn, wéi et heescht, déi beléiftenst Choixen bei den illegal bedriwwenen internationalen Ubidder. Duerch eng Aféierung vu Regulatiounen hunn net nëmmen d'Spiller méi Acces zu verschiddenen Spillservicer, mee de Stad profitéiert finanziell och dofunner an huet an engems méi Kontroll.

Dat hollännescht Gesetz iwwer Fernspill

Déi hollännesch Chambre de Députés huet 2016 fir e Gesetzesentworf iwwer Fernspill gestëmmt, mee zënterdeems stagnéiert déi ganz Affär awer. De Gesetzesprojet gesäit fir, dass Regulatiounschangementer an der Industrie implementéiert ginn, wéi zum Beispill d'Aféierung vun Lizensen, déi et internationalen Firmen géing erméiglechen, hir Servier legal unzebidden.

Dat hollännescht Reulatiounsorgan Kansspelautoriteit géing d'Regulatiounen iwwerwaachen an verschidden Provisiounen implementéieren. An den virgeschloenen Provisiounen steet zum Beispill geschriwwen, dass all Casino en Addiction Prevention Manager, also en Ofhängeschkeetspréventiounsmanager, brauch.

Iwwert de Gesetzenprojet wäert wuel demnächst am Senat gestëmmt ginn mee d'Verännerungen wäerten awer réischt nächst Joer a Kraaft trieden. Eng weider Fro déi sech stellt ass, op Firmen, déi schonn eng Kéier d'Gesetz gebrach hunn, elo awer a Fro kommen fir eng Lizens ze kréien.

Verschidden bekannten Nimm an der Industrie kruten an deene leschten 12 Méint Strofgeld verschriwwen. Wéi an anere Länner wäert een vermutlech och hei eng kuerz Sanktiounsperiod als Bestrofung aféieren.

Quell:
https://www.casinonewsdaily.com

Copyright © 2019 www.online-casinos.lu | Datenschutzrichtlinie