Den hollännesche Regulateur verëffentlecht Direktiven

Aktualisiéiert Direktive fir den hollänneschen iGaming-Maart
Kansspelautoriteit (KSA), déi hollännesch Regulatiounsautoritéit, huet offiziell eng Rei vun operationellen Direktive verëffentlecht. Dës Direktive gëlle fir all Glécksspill-Entreprisen a -Bedreiwer, déi am Land lizenséiert sinn, soubal de Maart opgeet. De Regulateur huet d’Hoffnung geäussert, datt Bedreiwer vun elo u besser a méi am Detail verstinn, wéi si sech un d’Virschrëften hale kënnen. D’Endresultat soll, der KSA no, méi e séchert Spillenvironnement sinn, souwuel wat de Schutz vum Spiller ugeet, wéi och d’Anti-Blanchiments-Moossnamen.

D’Publikatioun vun de Reegelen erfollegt no enger Konsultatioun am Mäerz vun dësem Joer, an där Informatiounen iwwer Schutzmoossname fir Spiller gesammelt goufen. D’Konsultatioun selwer war am Kader vum “Remote Gaming Act”, deen am Februar 2019 vum Senat verabschiet gouf, decidéiert ginn.

Net genuch Kloerheet

De René Jansen, de Virsëtzende vu KSA, huet erkläert, datt mangelnd Kloerheet ëmmer e Problem bei de Virschrëfte war. Hien huet drop higewisen, datt d’Bedreiwer vu Glécksspiller oft onsécher waren, wat vun hinnen erwaart gouf, fir hir Flichten ze erfëllen, an datt dofir d’Entreprisë ganz ënnerschiddlech Approchen haten. Am Endeffekt gouf et dofir oft vill Verwirrung, souwuel op Säite vun de Bedreiwer wéi op Säite vun den Autoritéiten. Dës Verwirrung ze verhënnere war den Zweck vun den Direktiven, sou de Jansen.

Dëst Zil, fir Onsécherheeten ze besäitegen, gëtt an engem Deel vum neien Text vun den Direktive verdäitlecht. Doranner heescht et, datt d’Bedreiwer detailléiert an transparent Informatiounen iwwer all Spiller, déi si de Spiller ubidde wëllen, musse virleeë kënnen. Dozou zielen d’ganz Gamme vu Spiller, d’Risiken, déi domadder verbonne sinn an d’Schrëtt, déi Spiller ënnerhuele kënne fir se op eng verantwortungsvoll Manéier ze spillen. Dës Ufuerderunge schéngen e Beweis dofir ze sinn, datt d’KSA de Maart esou transparent wéi méiglech hale wëll.

Grondgedanken

Wann ee sech d’Direktive méi genee ukuckt, entdeckt ee weider Moossnamen, déi d’Bedreiwer treffe mussen. Dozou zielt d’Identifikatioun vun de Charakteristike vun de Spiller, wéi e Spiller bei engem Spill gewënnt a wéi eng Präisser bei engem Gewënn ugebuede ginn. D’Käschte fir ze spille mussen och oppen ugi sinn, genee ewéi d’speziell Konditioune fir d’Placéiere vu Wetten.

Aner Punkten an der Publikatioun betreffen d’Werbung fir Glécksspiller. Et gëtt festgeluecht, datt d’Altersbeschränkung vun 18 Joer un däitlech op all Werbung ervirgehuewe gi muss, an datt d’Gestaltung vun der Werbung sech souwisou ni u Mannerjäreger riichten däerf.

Am wichtegsten ass vläicht d’Virschrëft, datt d’Direktere vu Glécksspill-Entreprisen iwwer all Aktivitéiten, déi an hirer Organisatioun stattfannen, informéiert musse sinn. All Direkter vun engem Betrib muss zu all Moment ëmfaassend Kenntnisser vun den Operatiounen noweise kënnen an an der Lag sinn, dës Kenntnisser ze presentéieren, wann e vum Regulateur opgefuerdert gëtt.

Den hollännesche Maart soll offiziell de 1. Januar 2021 opgoen. Demandë fir Lizenze gi vum 1. Juli 2020 un entgéintgeholl. Momentan hunn 283 Entreprisë matgedeelt, un esou enger Demande interesséiert ze sinn.

Andrej Müller
Juli 2019