Hollänneschen Senat hëlt Gesetzesprojet iwwer Online-Spillen un

Dutch senate gives go ahead for online gambling
Viru knapps enger Woch huet den hollännesche Senat e Gesetzesprojet iwwer Online-Spiller ugeholl an domadder honnerten vun Entreprisen de Wee Richtung hollännesche Maart opgemaach.

De Vote koum zwee Joer nom ursprüngleche Vote vum Parlament am Joer 2016. De Vote vum Senat gouf nämlech e puer Mol no hanne geréckelt, well et, ënner anerem, méi Informatiounen iwwer verschidden Aspekter vun der Industrie gefeelt haten. D'Äntwerten waren offensichtlech komplett an détailléiert, nodeems Holland jo elo zu deene Länner mat enger reguléierter online Spill-Industrie zielt.

Déi nei Regulatiounen

Ganzer 300 Entreprisen hunn d'Entscheedung vum Senat anticipéiert an ongedëlleg ofgewaard. E ”Jo” mécht den hollännesche Marché fir international Spill-Entreprisen op. Bis elo war de Marché fir international Bedreiwer net zougänglech. Elo awer kënne se eng Lizens fir de Spillmarché ufroen. Déi hollännesch Authoritéiten erwaarden 50 formell Umellungen fir Lizensen.

Obwuel déi exakt Regelungen fir de Marché nach net finaliséiert sinn, wäerten awer e puer gréisser Entreprisen e puer Joer waarde mussen, bis se de Maart besetzen däerfen a Lizense kréien. Virum Senat als ”Cowboys” vekannt, handelt et sech dobäi em Ubidder, déi och scho virdrun an ouni Lizens probéiert haten, hollännesch Spiller unzelackelen. Dës Firmen benotzen speziefesch Bezueloptiounen ewéi iDeal an Holland oder hollännesch Domainen a Reklammen fir Spiller unzelackelen. Dës Entreprisen mussen eng zwee Joer Sanktiounsperiod oofwaarden, ier se fir Lizensen applizéiere kënnen.

De Senat huet och doriwwer geschwat, wéi de Service vermarkt soll ginn. Fir d'éischt war dovunner rieds, dass guerkeng Reklamm gemaach gëtt. Doduerch gëtt et awer komplizéiert, d'Spiller och wierklech zu de Bedreiwer ze brengen, déi och wierklech eng Lizens hunn.

Déi nei Regulatiounen solle viraussiichtlech bis 2021 finaliséiert ginn.

En Iwwerbléck iwwer d'Industrie

Am Moment sinn international Bedreiwer ouni Lizens am Besetz vun etwa 600 Milliounen € um Spillmarché. Dat sinn 20% méi par rapport zum leschte Joer. Eng Studie huet erausfonnt, dass tëscht 2016 an 2018 1,8 Milliounen Hollänner op Spillsäiten, déi keng Lizens haten, gespillt hunn.

D'Spillindustrie war bis elo komplett vum Staat gefördert. Duerch legal international Bedreiwer wäerten net nëmmen d'Spiller méi e grousse Choix hunn, mee de Stad wäert och méi a Form vu Steiere kënnen anzéien.

Den Hollänneschen Iwwerwaachungssystem Kansspelautoriteit wäert sech mat der Ëmsetzung vun den neien Regulatiounen beschäftegen, déi schonn nei Bedreiwer includéieren, déi dann och zäitgerecht pret wäerte sinn.

Fir Casino-Spiller ze spillen, klickt hei.

Quell:

https://www.casinonewsdaily.com/

Andrej Müller
Februar 2019