Italien hëlt Google an Ugrëff wéinst engem Verbuet vu Casinoreklammen

Italien geet géint Google vir
Déi italienesch Regierung huet eng Enquête géint den Internetris Google lancéiert. Dës Mesure gouf geholl fir erauszefannen ob Google géint de Verbuet vu Casinoreklammen am Land selwer verstouss huet, nodeems Reklamme fir e puer auslännesch casinos bei de Sichresultater vu Google Italien opgetaucht sinn.

Dignitéitsdekret verbitt Reklamme vu Glécksspiller

Den italienesche Regulateur Autorità per le Garanzie nelle Comunicazioni (AgCOM) huet eng Enquête géint Google Inc., Google Italy a Google Ireland Limited lancéiert nodeems Reklammen op den italienesche Sitten opgetaucht sinn. Déi italienesch Regierung muss elo bestëmmen ob den Dignitéitsdekret och Reklammen abënnt, déi ugewise ginn nodeems een seng Sich aginn huet.  

Den italieneschen Dignitéitsdekret gouf 2018 verëffentlecht an ass den 1ten Januar 2019 a Kraaft getrueden. Den Dekret verbitt all Form vu Casino- oder Wettreklammen an deenen de Gewënn vu Boergeld ugebuede gëtt. Dat bezitt sech op all Form vu Spillreklammen. Et ass eng Mesure déi vun den d’Casinobedreiwer am Land kritiséiert gouf, well si behaapten, dat de Verbuet, dee sech virun allem géint renomméiert Spillbedreiwer richt, den onautoriséierten an onreguléierte Bedreiwer méi Spillraum gëtt an si doduerch hir Plattform vulnerabele Spiller méi einfach ubidde kennen. Säitdeem den Dignitéitsdekret verëffentlecht gouf, ass d’Positioun vun den italienesche Casinoe staark gefall. Dovu profitéieren onlizenséiert auslännesch Sitten, vu dat si elo méi heefeg op de Sichresultater optauchen.

Zum Zäitpunkt wou den Dekret verëffentlecht ginn ass, goufen et zwou Ausnamen. Déi éischt huet et erméiglecht déi bestoend Reklammsverträg fir 1 Joer z’erhalen. Vu dat déi Ausnam zäitlech ofgelaf ass, bleift nëmmen nach eng iwwreg, an déi gesäit vir, dat staatlech Lotterië vun dëse Restriktiounen net betraff sinn. 

All Firma déi sech net un de Verbuet hält riskéiert eng Amende déi bei 50.000 Euro ufänkt.

Bonusoffere sinn och net am Aklang mam Gesetz

Déi rezent Enquête géint Google kennt iwwerraschend, vu dat Vill domat gerechent hunn, dat d’AgCOM des Affär fale léisst. Säit Ufank 2019 huet d’AgCOM haaptsächlech déi Firmaen ënnert d’Lupp geholl, déi de Spiller Bonusofferen an de Casinoe selwer ugebueden hunn.

Obwuel vill Bedreiwer am Ufank geduecht hunn dat et gesetzlech kee Problem duerstellt, consideréiert déi italienesch Regierung dat als Reklamm, vu dat sech déi attraktiv Offeren direkt un de Spiller wennen an hien zum Handelen incitéieren.

Andrej Müller
September 2020