Eng Slot-Première fir Kalamba Games

éischte Slot vu Kalamba Games
Een iGaming Studio, deen een 2021 besser gutt verfollegt, ass de Kalamba Games. De Studio ass relativ nei an nach net laang dobäi – 2016 si se op de Marché gaangen – mee Kalamba huet elo scho bewisen, oppen ze sinn, wat slots ugeet a sech schonn op Entdeckungstour gemaach.

D’lescht Joer huet Kalamba Games säin neien online Video-Slot mam Titel “Sadie Swift: Guns ‘n Glyphs” verëffentlecht. D’Spill gouf an Zesummenaarbecht mam beléiften Twitch-Steamer “CasinoTest24” entwéckelt an ass d’Resultat vun enger vu Kalamba lancéierter Twitch Streaming Kompetitioun. De Gewënn war d’Participatioun un der Entwécklung vun engem echten Online-Casinospill. Gewonnen hat also CasinoTest24 an dierft un der Entwécklung vum Sadie Swift: Guns ‘n Glyphs matschaffen.

Eng duebel Aventure

Dëst Online-Casinospill ass eng spannend Kombinatioun vu Wëllem Westen an dem alen Ägypten. An tatsächlech handelt et sech ëm e Spill an engem Spill. Notzer kënnen mat der Heldin, dem Sadie Smith, tëscht zwee klasseschen Online-Slots hin- an hirnavigéieren fir Suen an dat grousst Gléck ze fannen.

D’Spill ass just op der ORYX Spillplattform disponibel. Den 5x3 Online-Slot huet och d’HyperBonus Mechanik vu Kalamba Games, déi et de Spiller erméiglecht iwwert e Shortcut speziell Bonusronnen ze kafen. D’HyberBet peffert de Spillspaass nach eng Kéier weider op.

D’Spill huet och zwee Featurë mat gratis Ëmdréiungen, ee fir all Spill aus der klassescher Casino-Welt. Et huet Gewënnmultiplikatoren, Bonus Cash-Gewënn a Villes méi.

Hei huet ee gutt geschafft

De Matgrënner an Chief Operations Officer vu Kalamba, den Alex Cohen, sot, d’Equipe vu Kalamba wier immens zefridden mat deem, wat an dëser ganz spezieller Slot-Zesummenaarbecht erauskoum.

Zesummen mat engem Twitch-Steamer un engem Spill ze schaffen, hätt em eng ganz aner Vu vun der Spillentwécklung ginn, well en alles aus den Aen vun engem tatsächleche Spiller gesinn huet. All eezelnen Aspekt vum Slot, vum Thema, der Mechanik, de Bonusser, de Spezialeffekter an dem Spillfloss am allgemengen, ass dodrop zréckzeféieren. D’Kombinatioun vum Alen Ägypten an dem Wëlle Westen am nämmlechte Spill wier och en Aspekt, deen dozou féiert, dass e fantastescht Online-Spill entwéckelt gouf, wat direkt duebel esou vill Spillspaass bitt.

Dës ganz speziell Zesummenaarbecht huet ausserdeem eppes ganz kloer verdäitlecht, eppes wat d’Spillindustrie scho wosst: D’Notzer wëllen eppes neies. Se wëlle frësche Wand an net just al Iddie rezikléieren. Dat hei Spill ass genee dat: en opreegende, frësche Wand.

Andrej Müller
Dezember 2020