Casino-Spiller vu StakeLogic kommen an de LeoVegas

LeoVegas ënnerschreift Vertrag mat StakelogicDen Online-Slots Studio Stakelogic an de Mobile-Casino Ubidder LeoVegas hunn e Partenariatsvertrag ënnerschriwwen. Laut den Termen am Vertrag wäert LeoVegas eng Auswal u Stakelogic-casino spiller un hir Notzer bréngen.

De Vertrag gesäit och vir, op wéi eng Aart a Weis LeoVegas déi nei Casino-Spiller op hirer Plattform verëffentleche wëll. Dat Ganzt soll nämlech mesuréiert oflafen. D’Iddi, déi dohannert stécht, ass de Spillportofolio ze diversifiéieren. Fir d’éischt wäert een deemno déi beléiftenst Stakelogik Titelen erausbréngen. Aner Spiller sollen dann am Laf vun de nächste Méint lues a lues nokommen.

D’Notzer vun de mobillen an online Kanaler vu LeoVegas kënne sech op Online-Slots mat Echtsue freeën. Ënner anerem fënnt een hei Rambo, Einstein Eureka Moments, Dragons and Magic, Book of Adventure Super Stake Edition, Gods of Death and Sidewinder Quattro an eng Unzuel Megaways Spiller wéi Runner Runner Megaways, The Expendables Megaways a Super Wild Megaways.

LeoVegas freet sech iwwer gudde Wuesstem

Mat Sëtz zu Stockholm, Schweden, ass de LeoVegas eng vun de gréissen Online-Casino Firmen a ganz Europa. An de leschte Méint huet se e staarke Wuesstem verzeechent a virun allem d’Unzuel vun den Online-Notzer ass an de leschte Méint rasant an d’Luucht gaangen, nodeems Echtcasinoen zougemaach a Live Sportevenementer annuléiert goufen.

Am éischten Trimester dëst Joer huet de LeoVegas e Wuesstem vu 4% verzeechent verglach mat 2019. An Zuelen bedeit dat eng Recette vun 89,4 Milliounen Euro fir dat éischt Trimester. D’Firma hofft op eng Joresrecette vu 600 Milliounen Euro (679,89 Milliounen USD) fir d’Schluss vum Joer.

Den Notzer hir Siicht vu Slots prägen

Stakelogic etabléiert sech séier zu engem vun de bedeitendsten Entwéckler fir Online-Slots. D’Mark ass mat senger eegener Technologie, déi eng rundum Spillerfahrung mat hauseegene Spilltittelen ubitt, e Virreider an der Branche. Spiller kënnen d’Casino-Spiller vu Stakelogic nämlech an engem 360-Gradwénkel an net just als 2D-Slot spillen.

D’Mark, déier hiren Haaptsëtz an Holland ass, ass houfreg op hir avancéiert animéiert Slots, déi de Spiller an de Mëttelpunkt setzen. Se sinn op de Mobile ausgeriicht a hu suguer eng eegen MOBi-Linn op hirer Plattform. Sämtlech Casino-Spiller vu Stakelogic sinn an iwwer 20 verschiddene Sproochen disponibel a kënnen am Instant-Play Modus gespillt ginn. D’Mark bitt ausserdee, en Echtzäit-Tracking, duerchgoende Service-Client, dediéiert Client Managers an detailléiert Beriichterstattung.

Andrej Müller
Juli 2020