De Krich vu Malta géint d‘Geldwäsch geet weider

MGA tackles money laundering Déi heemlech Schwaarzgeld-Operatioun, déi vun der italienescher Finanzpolice „Operation Glassia“ gedaft gouf, beweist sech als gewaltegen Albdram fir eng Vilfalt u Casinoen an Online-Wett- a  Sportwetten Bedreiwer, déi zu Malta hire Sëtz hunn. D‘Situatioun ass viru Kuerzem esou schlëmm ginn, datt der Insel hir Gaming-Autoritéit, d‘MGA, forcéiert war e wesentleche Schrëtt zeréckzetrieden. Dëst virun Allem a Saache Progrès dee se gemaach hu wat d‘Preventioun vun Steierhannerzéiung souwéi och dem Land seng Anti-Geldwäsch Gesetzer ugeet.

De prominenten italienesche Bedreiwer SKS365 Group, deen zu der féierender weltwäiter Sportswett-Entitéit PlanetWin365 gehéiert, ass viru Kuerzem wéinst Steierhannerzéiung vun ongeféier 124 Milliounen Euro ugeklot ginn. D‘Situatioun zu Malta ass net méi déi Selwecht säit de Finanz- a Steierhannerzéiungs-Skandal un d‘Liicht koum, vu datt vill Leit elo fäerten, datt de Progrès deen d‘Spill-Behörden an déi lokal Autoritéite bis elo gemaach hu fir näischt war.

Déi schnell Expansioun als decidéierende Faktor

Politiker an d‘MGA schaffe ronderëm d‘Auer, fir nees Uerder an de lokale Spill- an Online-Casino-Marché ze bréngen; mol ofgesi vun der ganzer wirtschaftlecher Infrastruktur op der Insel, dëst besonnesch wat Steierhannerzéiung a Geldwäsch-Problemer ugeet. Den Informatiounen no, déi als direkt Resultat vun der Enquête ëffentlech Opmierksamkeet kruten, war den Buchmaacher déi gréisst Entitéit, déi am Malta-Skandal agebonne war. De Buchmaacher huet angeblech mindestens 4 Milliarden besteierbart Akommes fir d‘Period vun 2015-2016 net deklaréiert.

Een decidéierende Faktor am Buchmaacher senger Fäegkeet e vill méi niddrege Revenu ze deklaréieren, wéi dat wat tatsächlech a Form vu Revenu erakomm ass, ass déi rapid Aart a Weis déi de lokale Gaming-Secteur hat, sech am Laf vun der leschter Zäit ze entwéckelen. Dëst ergëtt sech no engem opdeckende  Rapport dee vum Steiercomité vum Europäesche Parlament zesummegesat gouf. De Bericht kommentéiert a bitt weider Detailer iwwer e puer vun den Offenbarungen a Behaaptungen, déi ënnert Anerem vu Luxleaks, de Panama Papers, de Football Papers an de Football Leaks gemaach goufen.  

De Feeler ass systematesch

Informatiounen, déi besonnesch bemierkenswäert a bedeitend am Kontext vun den Evenementer op der Insel sinn, bezéien sech spezifesch op feelerhaft Steiersystemer. Op dësem Punkt muss een erwänen, datt Malta net déi eenzeg Regioun ass, déi an där Hisiicht op Onweeër geroden ass. Och aner Länner gi mat Bezuch op feelerhaft Steiersystemer kritiséiert. Dës sinn Irland, Cyprus, d‘Belge, Lëtzebuerg, an Holland.

Andrej Müller
Oktober 2019