MGA mécht seng Casino Spill-Salonen op

MGA ënnerhëlt Schrëtt fir erëm opzemaachen
D‘Malta Spillautoritéiten (MGA) haten eng produktiv Woch, an dëst trotz der globaler Gesondheetskris, déi déi global Sportswett-Industrie zum Stëllstand bruecht huet. De Regulator huet fir d‘éischt annoncéiert datt se ee bunnbriechenden Datenaustausch-Deal mat der Darts Regulation Authority (DRA) ënnerschriwwen hunn. Dës wichteg initial Ausso war vun enger zweeter gefollegt; d‘MGA confirméiert, datt se eng Zuel Land-baséiert casino spiller Salonen op der Insel erëm opmaachen, an esou effektiv de Shutdown dee säit Mäerz effektiv war, briechen.

Wat d‘DRA ugeet, ass d‘Organisatioun responsabel fir déi weltwäit Regulatioun u professionellen an amateurs Darts-Tournamenter. Hir Employéen verfollegen an iwwerwaachen d‘Wettaktivitéiten am Zesummenhang mat den Evenementer genau a se ënnersichen all verdächtege Geldwiessel. Mat der Finalisatioun vum Datendeal tëscht der MGA an der DRA wäerten Darts-Tournamenter elo méi staark virun illegale Wette geschützt si wéi jee virdrun.

Nëmme Sportswetten erlaabt

Wat de Reopening vun de Land-baséierte Raim ugeet, huet d‘MGA deklaréiert datt d'Dieren zu de Casino Spill-Salonen den 22. Mee erëm opgemaach wäerte ginn. All d‘Venues goufe virdru, genee gesot säit dem 17. Mäerz als primäre Grond wéinst Sécherheets-Suergen an der d'Weltgesondheetskris zougemaach. Lotterie Stänn hate scho vum 4. Mee un d‘Erlaabnis d'Geschäft weiderzeféieren, an no virsiichteger Iwwerleeung gouf decidéiert, datt weider Moossname kéinte vereinfacht ginn. Trotz dem Fakt, datt déi Land-baséiert Salonen erëm Geschäfter maachen, huet d‘Reguléierungs-Behörd kloer gemaach datt et gewëssen temporär Reegelen ze berécksiichtege géif.

D‘Reegele si wéi follegt; nëmme Sportswette sinn egal a wéi enger Venue erlaabt, all anert Land-baséiert Casino Spill ass nach strikt verbueden, a keng Wetten vun deem Typ wäerte bis op Weideres akzeptéiert ginn.

Natierlech, vu datt déi meescht Sportseventer nach ofgesot sinn, stinn d‘Chance kleng datt iergendwellech vun dëse Venuen déi erëm op gemaach hunn vill Aktioun gesi wäerten.

Sports-Integritéit schützen

Mee obwuel de Lockdown gelackert ginn ass, zitt d‘MGA et fir, sech op den Daten Deal mat der DGA ze fokusséieren. Den Antonio Zerafa, den Sports-Integritéits-Manager vun der MGA, huet e puer Kommentaren bezüglech der Entwécklung gemaach. Hie sot dat d‘Weltgesondheetskris nawell een immensen Impakt op d‘Sportsindustrie gelooss huet, an dat op enger globaler Skala. Mee trotz dëser Verwirrung, sot en, war en nach ëmmer dediéiert fir mat Gläichgesënnten Organisatiounen uechtert d‘Welt zesummenzeschaffen, an illegal Wettaktivitéiten opzedecken.

Ähnlech Deals sinn tëscht der Reguléierungsbehörd an der Finanzanalys-Eenheet, esou wei der World Professional Billiards a Snooker Assisociation geschloss ginn.

Andrej Müller
Mee 2020