Mega Moolah schléit zwee Mol an zwee Deeg zou

Mega Moolah online slotDat Wuert ”ongleeflech” gëtt wuel vermuttlech ze dacks benotzt, mee elo ass eppes geschitt, wat dem Wuert tatsächlech 100% gerecht gëtt. Dem Microgaming säi beléiftsten progressive Jackpo-Slot ass vermuttlech jidderengem hei e Begrëff. Schliisslech ass en am Guinnessbuch vun de Rekorder veréiwegt. Mee déi lescht Noriichte vun der Microgamig Presse-Verëffentlechung hunn eis zum Staune bruecht, an ons dozou bruecht, d‘Neiegkeeten alleguer nach eng Kéier ze liesen, fir sécher ze goen, datt mir net fantaséieren. Et kléngt onvirstellbar, mee et ass richteg: Microgaming’s Mega Moolah Jackpot huet grad zweemol an enger Period vu knapp 48 Stonnen zougeschloen.

Duebel Jackpot Ausbezuelungen

Béid Gewënn-Präisser goufe vun de Casino Rewards Marke registréiert, woubäi den éischte vun den Jackpots eng erstaunlech Zomm vun 11.546.388,15€, an den zweeten Jackpot d‘Zomm vun 2.201.120,31€ ausbezuelt. Iwwregens ass den éischt genannte Gewënn déi véiert gréisste Ausbezuelung an der Geschicht vum Spill. Dee Grousse gouf Dënschdes, de fënnefte Mäerz, gebrach an deen zweeten kuerz duerno, an zwar Mëttwochs, de sechste Mäerz .

De 4. gréissten Jackpot gesënnt sech zu enger Linn vu groussen Hits. Méi fréi an dësem Joer goufen 13.328.028,16€ un een anere gléckleche Spiller ausbezuelt, an 2015 huet de welt-beléifte progressive Slot Geschicht geschriwwen, andeems en sech duerch d‘Aféierung vun engem neie Weltrekord en Numm fir sech gemaach huet, dëst dank engem Gewënn vu méi wéi 17 Milliounen Euro!

Stellt Iech fir! Dat ass de Stoff aus deem d‘Dreem gemaach sinn.

Neie Spiller kënnt grouss eraus

Wat dëse populären Online- a Video-Slot ëmsou méi bemierkenswäert mécht ass de Fait, datt seng Fäegkeet grouss auszebezuelen net vun der Gréisst vum Asaz ofhänkt, deen zum Zäitpunkt vum Jackpot-Gewënn gespillt gëtt. Déi meescht aner progressiv Slots verfollege bestëmmt Mindestbedéngungen, déi als Konditioun dofir stinn, grouss Wettbeträg unzefuerderen. Falls dës Mindestbedéngungen net erfëllt sinn, da bezuelen d‘Jackpots net.

Mee mat Mega Moolah ass jiddereen e Gewënner, a genee dat ass mam zweete vun den zwee rezente Gewënner geschitt. De Spiller, dee sech eréischt den Dag selwer am Casino ageschriwwen hat a grouss eraus koum, huet insgesamt nëmmen 33 Wette gespillt, ier hien een immensen Erfolleg hat.

Dat nenne mir ee gudde Start!

Sourcen:

https://www.microgaming.co.uk