Microgaming-Inhalter op de Site vu Mansion

Microgaming signs new deal
De féierenden Casino-Software Entwéckler Microgaming huet soueeben ugekënnegt, dass seng nei Sammlung vu Verëffentlechungen a Spiller vun elo uns op www.Casino.com hannert dem Numm MansionCasino, MansionBet a Slots Heaven online wäert sinn. Dobäi handelt et sech ëm de gesamte Grupp vu Marken, déi zu Mansion gehéieren. All hir Spiller kënne sech also vun elo uns op Spiller vu Microgaming freeën an dodrop zoigräifen.

Den établéierte Ruff vu Mansion

Mansion gouf 2003 vun engem Grupp vu privaten Investoren zu Gibraltar gegrënnt, wou sech hautdesdaags och nach ëmmer de Sëtz vun der Firma befënnt. Mat iwwer 15 Joer Beruffserfahrung am Bedreiwe vu Wetten an an der online Casino-Industrie, hu se bewisen, dat se op d’Spiller an hir Wënsch agoe kënnen. Ënnert der Autorisatioun vum Kommissionär vum Gibraltar Gaming, ass Mansion a ville Länner an Europa vertrueden a gëtt héisch geschätzt.

Den impressionante Portfolio vu Microgaming

All d’Verëffentlechunge vu Microgaming si vun héijer Qualitéit, woubäi awer hir Sammlung vu Slots ganz besonnegt erausstécht. Dëss Sammlung, déi scho vill Präiser ofkrut, huet vill Klassiker opzeweisen, Videooptiounen a progressiv Jackpots. Den détailléierten Inhalt baséiert op originellen Inhalter wéi och op beléifte Franchisen. Zu den beléiftesten gehéiert den Immortal Romance mat sengem Vampir-Thema, deen eng gothesch Liebesgeschicht erzielt, den Thunderstruck II, den eng nordesch Geschicht aus der Mythologie nees ophëlt, den Jurassic World™, de steampunk-inspiréierten Fortunium an de Book of Oz,  deen déi klassesch Geschicht vum Zauberer vun Oz erzielt.

Entwéckelt Spill-Mechanike suerge fir e fléissend Spill., dat zu all Moment leeft an um Computer an Habdy gutt funktionnéiert. En ass mat all Browser kompatibel, et kann een en awer och eroflueden an direkt iweer d’Sofyware spillen. D’Graphik an de Sound ginn och ouni Problem gutt iwwerdroen. Esou kann een alles a gudder Qualitéit genéissen. D’Bonusfunktiounen an d’Promos inkludéieren Wilds, gratis Emdréiungen an ênnerscheedlech Bonusronnen, wouduerch den Spaass-Faktor nach eemol erhéijt gëtt.

Nach méi Succès fir béid Entreprisen

Microgaming a Mansion sinn allenzwee elo scho grouss Entreprise mat vill Succès. Dëss dnei Zesummenaarbecht soll béid nach eng Kéier zousätzlech weiderbréngen. Den Andrew Clucas, den Chief Operating Officer bei Microgaming sot, seng Mataarbechter wiere besonnegt frou iwwert dëss Nouvelle gewiecht a géinge sech op d’Zesummenaarbecht freeën. Ausserdeem géing hien an och seng Employéën sech drop freeën, de Pool un neie Cliente kennenzeléieren. Mansion, sou de Culcas weider, géing no Topqualitéit striewen an hirt Zil wier et ëmmer, de Spiller z’entertainen.

Den Andrew Manduca, Director of Gaming bei Mansion huet bäigefügt, dass och hien a seng Équip sech extrem freeën a jidderee mat der Zesummenaarbecht zefridde wier a sech just Beschtes géing erhoffen. Microgaming wier innovativ, opreegend a spannend a géing zousätzlech Diversitéit an de Portofolio bréngen a just positiv zu den mobilen an online Casinoe vu Mansion bäisteieren.

Andrej Müller
Mee 2019