1x2 Network ënnerschreift Big Time Gaming MegaWays Deal

BTG MegaWays MechanicDen internationale Casino a Contenu-Entwéckler Network 1x2 hunn e bunnbriechende Partnerschafts-Deal ënnerschriwwen, duerch dee si der beléifter MegaWays Mechanik vu Big Time Gaming lizenzéiert sinn. Fir déi, deenen dës Slot-Mechanik friem ass, MegaWays ass een zoufällege Reel-Modifier, dee vu Big Time Gaming entwéckelt ass an eng ënnerschiddlech Kombinatioun u Symboler iwwert d‘Reels produzéiert, an dat bei all Dréiung.

Méi fréi dëst Joer huet Big Time Gaming sech mat der Scientific Games Corporation zesummegeschloss fir den dynamesche Reel-Modifier an hire Portfolio vu Spiller anzebannen. Elo wäert dës Mechanik vun 1x2 Iron Dog Studio an hire kommenden Titele benotzt ginn.

An de Wierder vum 1x2 Network Chief Commercial Officer Kevin Reid huet d‘MegaWays Mechanik den Online Slots Maart am Stuerm eruewert. D‘Firma ass immens begeeschtert driwwer d‘Mechanik mat hirem ganz eenzegaartege Usaz wat Design an Entwécklung ugeet ze kombinéieren.

Den Här Reid sot, datt den Iron Dog Studio eng zolidd Reputatioun an der Industrie opgebaut huet an, datt si dofir bekannt sinn Reel-Spinning Spiller ze développéieren déi fir grouss Spannung suergen. Andeems se déi innovativ Mechanik kombinéieren, wäerten se méi Geleeënheeten ze wannen a méi spannend Besonnechkeeten kënne liwweren.

Nei Slots op Lager am Q4

Laut enger Pressematdeelung wäert deen éischte Slot vum Iron Dog Studio mat der MegaWays Mechanik am Q4 vun 2019 op de Maart kommen, während der 2020 méi wäerten nokommen. D‘Detailer vum Slot sinn nach net verëffentlecht ginn, ausser d’Thema Wiertschaft, déi op Pirate baséiert wäert sinn.

De Generaldirekter vu Big Time Gaming, den Nick Robinson, seet datt si wierklech gleewen, datt MegaWays een Duerchbroch-System um Maart ass. Et ass eng Recheschaft fir si ze gesinn, datt esou vill Fournisseuren drun interesséiert sinn, eng Lizenz fir d‘Mark ze kréien. Vun hirer Säit freeë si sech ze gesinn wéi Iron Dog Studios Reel-Mechanik an hir Spiller integréiere wäert. Den Här Robinson sot, datt Iron Dog eng ausseruerdentlech Équipe un Designer huet, an hien ass sech sécher, datt si eng ganz nei Dimensioun zur Form bäifüge wäerten.

Nei BTG Vermaartungs Strategien

Viru kuerzem war Big Time Gaming ë bëssen an engem Expansiouns-Schwong. Zousätzlech dozou, datt si hire MegaWays Mechaniker nach eng Kéier lizenzéiert hunn, hunn se och grouss Pläng präisginn, hir Vermaartungs-Techniken ze z‘erhéijen andeems se sech mat First Look Games ausriichten. Déi weltwäit Bewäertungs-Plattform bitt eng direkt Relatioun tëscht ground-level Spillstudios an hiren Industrieverbänn fir d‘Expositioun vun hiren Titelen auszebauen. Big Time Gaming viséiert d‘Partnerschaft ze notzen fir aktuell Informatiounen vun hire Spiller u Partner an Editeuren ze bidden, fir esou hir Reechwäit nach méi ze vergréisseren.

Andrej Müller
August 2019