Däitschland verëffentlecht Detailer iwwer nei Casino Regulatiounen

Nei Casino-Reegelen an Däitschland
Déi streng nei däitsch Gesetzer a Regulatiounen fir den Online-Casino, déi am Juli 2021 a Kraaft sollen trieden, ginn ëmmer méi streng.

Dës nei Reegele gëlle fir all lizenséierte kommerziellen online Spillbedreiwer ab der Transitiounsphase vum Juli 2021. Déi nei Reegele solle sozial Responsabilitéit promovéieren, genee esou wéi séchert a responsabelt Spillen, eng besser Transparenz a Stabilitéit um iGaming Marché bréngen.

Obwuel vill Leit déi nei Gesetzer a Reglementatiounen als immens streng ugesinn, huet d’Regierung awer eng weesentlech méi transparent Approche, wéi ufanks nach ugeholl gouf. Dat léisst ze hoffen, dat Bedreiwer vun Online-Casinoen et villäicht awer net esou schwéier wäerte kréien.

Keng Spiller am Live-Casino méi

Wann déi Transitiounsperiod bis lancéiert gëtt, solle Casino-Bedreiwer déi nei Moossnamen a Reglementatiounen direkt ëmsetzen. Just Bedreiwer mat enger unerkannter Toleranzperiod wäerten hir lizenséiert Tätegkeeten am Land nach däerfe weiderféieren.

Déi nei Regulatiounen treffen d’Spiller am Live-Casino ganz besonnesch haart. Wat bedeit dat konkret? Ass Bedreiwer, dee Wëlles huet eng iGaming Lizens unzefroen, krut vu sengen Affekoten recommendéiert, de sämtlechen Life-Gaming Inhalt aus sengem Portofolio ze eliminéieren, anzwar direkt. Den offiziellen Delai, bis wéini ee voll a ganz mat den neie Reglementatioune konform muss sinn, ass de 15. Oktober 2020.

Live Casinospiller déi mussen ausgemäerzt ginn, sinn all Spiller mat Live-Dealer, all d’Kaartespiller an RNG (Random Number Generator) Versiounen vu live Casinospiller. Online-Bedreiwer däerfen ausserdeem dat Wuert “Casino” net méi fir hir Mark oder hir Reklamme benotzen. Dat Wuert wäert just nach fir Echtcasinoen a Spillvenues reservéiert sinn.

Weider Verännerungen um Wee

Eng ganz Retsch Limitatiounen a Verännerungen wäerten ëmgesat ginn, wann déi Transitiounsperiod bis ufänkt. Dobäi gëtt d’Autoplay-Funktioun z.B. ganz ofgeschaaft, Acompte ginn op 1000€ pro Mount limitéiert, Reality-Checks ginn all Stonn duerchgefouert, 5-Minutte-Pausen no all Spillstonn ginn agefouert a “Panik Knäppecher”, déi ee selwer aus engem Spill verbanne sollen, gi kloer a siichtlech iwwerall als Selbsthëllefzwecker installéiert. Gratis Spiller wäerten ausserdeem eliminéiert ginn      .

Verschidde grouss Spillentwéckler hu schonn ugefaangen, sech op déi nei Situatioun um däitsche Online-Casino Maart unzepassen. Microgaming huet z.B. scho bestätegt, un iwwer 150 ugepasste Spiller ze schaffen, déi op déi nei Regulatiounen um Marché zougeschnidde sinn.

Andrej Müller
November 2020