GVC Holdings lancéiert eng nei CSR-Fondatioun

Nei Initiative vu GVC am CSR-BeräichGVC Holdings, ee vun de weltwäit gréisste casino spill a Sportwetten-Gruppen, huet en offiziellt neit Departement ënnert sengem Daach annoncéiert: d’GVC Fondatioun. Dëst neit Departement koordinéiert a geréiert all d’Initiativen am Beräich vun der Corporate Social Responsibility (CSR) am Numm vun der Mammegesellschaft. Dozou zielen all déi lafend Initiative genee ewéi d’Organisatioun vun alle Projeten, déi an der Zukunft geplangt sinn.

D’GVC-Fondatioun befaasst sech awer emol als alleréischt mat enger breeder Fuerschungsaarbecht am Beräich vun de Glécksspillreegelungen, verantwortungsvollem Spillen, Integritéit am Sport, psychesch Gesondheet a Wuelbefannen vu Sportler, asw.

Dës Fuerschung ass awer nëmmen d’Spëtzt vum Äisbierg. Et gëtt elo schonn eng Agenda fir Moossnamen, déi fir vill verschidde Communautéite geplangt sinn, dozou zielt ënnert anerem finanziell Hëllef fir eng ganz Rei vun Organisatiounen op der ganzer Welt.

Global aktiv

E Gemeinschaftsfong vun 2 Millioune Pond, dee vun GVC Holdings gestëft gëtt, steet am Zentrum vun de geplangten Aarbechten. Dës finanziell Mëttel sinn d’Basis fir d’Zesummenaarbecht mam US National Council on Problem Gambling, SportsAid, der Division on Addiction of Cambridge Health, an aneren Acteuren.

D’Präsidentin vum CSR-Comité vun GVC Holding, d’Virginia McDowell, huet erkläert, wat d’Ziler vun där neier Fondatioun sinn. Si huet betount, datt si am Beräich Sozialverantwortung vun den Entreprisë Pionéieraarbecht leeschte wëllt, andeems si sech virum allem op d‘Opklärung am Beräich verantwortungsvollt Spillen an op d’Hëllef fir Leit mat Spillsuchtproblemer konzentréiert.

Si huet och ënnerstrach, datt hir Aarbecht e Beweis fir den Engagement  vum Mega-Konzern am Beräich vun der CSR ass, an dass si déi entspriechend Initiativen elo no vier dreiwe wëll.

Virreider

Der Madame McDowell no geet et der GVC-Fundatioun net nëmmen ëm hir eegene Projeten. Si huet erkläert, datt d’Organisatioun och hiren Deel dozou bäidroe wäert, fir aner Projeten op der ganzer Welt ze ënnerstëtzen. Dozou zielt z.B. den Engagement am Projet vum Inter Mailand FC, iwwer deen d’Bedeelegung vun de Fraen am Futtball erhéicht gi soll, genee ewéi de Sports Integrity Forum an Däitschland, deen drop ausgeriicht ass, däitschsproocheg Matbierger iwwer verschidden Erausfuerderungen an der Sportindustrie opzeklären.

Ee vun de vläicht wichtegste Projeten, déi ënnerstëtzt wäerte ginn, ass dee vum Verband vun de Professionelle Spiller am Vereenegte Kinnekräich, dee sech op Formatioun fir d’Bekämpfung vun der Spillmanipulatioun konzentréiert. En Treihänder vun der neier Fondatioun, de Martin Lycka, huet sech zu deem Thema geäussert an dobäigefüügt, datt d’Aktivitéiten op Regiounen ausgeriicht géife ginn, déi wichteg fir d’Gesellschaft sinn. Dozou zielen d’Vereenegt Staaten, Italien, Däitschland an d’Vereenegt Kinnekräich. Hien huet d’Aarbecht, déi bis elo am Beräich vun der CSR gemaach gouf, gelueft, a gläichzäiteg verséchert, datt an Zukunft nach vill geschéie wäert.

Andrej Müller
Oktober 2019