NetEnt bréngt neie Wild World Slot eraus

Wild Worlds slotNetEnt huet sech fir en Superhelden-Ambiente bei sengem neisten online slot “Wild Worlds” entscheed. D’Spiller kënne sech drop freeën, duerch eng Welt voller fantastescher wiesen ze reesen a Monsteren mat enzegaartege Waffen ze bekämpfen. Dozou gehéieren Boss Fights, Destroy a Hero Wilds.

De 5X5 Slot bitt Muster-Matcher mat enger multi-level Spillerfahrung op 3 Spin-Welten un, wou den Held béissaarteg Kreaturen an der Spillmechanik bekämpfe muss.

All Welt huet hir eegen Spezialeffekter. Wann de Spiller e Captain oder e Boss am Dark Forest (däischtere Bësch) bis bekämpft huet, kënnt eng Wild-Kaart um Rad op. Wann eng gewënnbréngend Kombinatioun opkënnt, explodéiert et a bréngt nach weider Symboler an d’Spill eran. Nei, speziell Symboler kënnen doduerch enstoen, déi dem Spiller zu engem Gewënn verhëllefe kënnen.

Wann een an der Äis-Welt de Rëss an der Rüstung vum Captain oder vum Boss erkennt, weise sech 2 Päck mat Heavy-Wild-Kaarten op de Rieder. Wann dëss Deel vun der gewënnbréngender Kombinatioun sinn, da bleiwen se um Rad a waarden op déi gewënnbréngend Lawinn vu Symboler.

Wann een an der Feier-Welt de Schwaachpunkt vum captain oder Boss entdéckt huet, fallen 2 bis 4 zoufälleg ausgewielten Wild-Symboler op d’Rieder, déi dem Spiller zu engem Gewënn verhëllefe sollen.

Wat seet de Bryan Upton?

De Bryan Upton, Spilldirekter vun NetEnt soot, e wier houfreg drop, dass Wild Worlds elo Deel vum Spillportofolio vun der Firma wier. En huet ausserdeem besonnegt d’Eenzegaartegkeet vum Spill betount. Se hätten, sou den Upton, op de Feedback vun de Spiller gelauschtert an et wier evident gewiecht, dass dëss méi an hire Spiller entdecke wollten. Also hu se dat Element mat ganz besonneschter Opmierksamkeet mat an d’Spill agebaut.

Helden a Monsteren

Wild Worlds huet eng ongewéinlech Spillfunktioun, déi sech “Heroes and Monsters” (Helden a Monsteren) nennt. Bei dëser Spillfunktioun gëtt den Held méi staark, fir d’Monstere kënnen unzegräifen. All Held huet en nidderegt an e mëttelgrousst Gewënnsymbol, dat d’Speziellugrëff vum Charakter aktivéiert, wouduerch d’Energieleist opgeluede gëtt. No 3 Kéieren ass d’Energieleist ganz opgelueden an d’Spezialkraaft vum Held gëtt fräigesat, wouduerch d’Monster ka bekämpft ginn. Pink a blo gi jeweils 1 Ugrëffspunkt, gréng bréngt der esouguer 4.

Wild Worlds zielt 2 Aarte vu Monsteren, 3 Captains an 1 Boss. De Captain huet 15 Liewenspunkten an e bréngt de Spiller bei d’Gratis-Emdréiungsfunktioun, wann déi 15 Punkten bei 0 leien. De Boss huet 105 Liewenspunkten. Wann de Spiller géint de Boss ukomm ass, da bréngt dësen en an eng Welt vun Extra Emdréiungen.

Andrej Müller
April 2019