Relax Gaming bréngt Ignite the Night-Slot eraus

Ignite the Night online slotRoueg Inselnuechten, gemittlech Musek a Cocktailer op der Plage mat engem onbekannte Friemen – esou kann ee sech den neien online slot virstellen. Et spillt an engem tropesche Setting mat 5 Rieder an huet dobäi och nach Feier Multipliers.

Et kënnt bal iwwerraschend, dass den Ubidder sech dës Kéier géint déi beléift Megaways-Funktioun entscheed huet. Nee, hei sollen d’Multipliers d’Haaptroll spillen. Dat kënnt fir deen ee oder anere Spiller villäicht iwwerraschend, mee wann een dem Chief product officer Simon Hammon gleeft, leeft alles no Planvg.

Hammon erklärt, wéi bedeitend et ass, eenzechaarteg Mechanik mat ënnerscheedlechen Themen ze kombinéieren. Och hei bei dësem Spill. Déi gekonnt Mëschung tëscht engem relaxéierende Spill mat awer engem opreegenden a spannende Spill, mécht et zu engem interessanten Titel an der Sammlung. Den Haaptfeature, esou den Hammon, wier e Beispill fir d’Diversitéit an der Spillsammlung.

Iwwer d’Spill

10 Spilllinnen fënnt een op de Rieder vun Ignite the Night erëm. D’Symboler ginn an dräi Reien ugewisen a beinhale Biller vun Drums, Shakeren, Gitaren, attraktiv männlech a weiblech Inselbewunner an eng Luucht.

Weider Symboler sinn eng Kokosnoss, eng Ananas, eng Waassermeloun an eng Stärefruucht. Déi weiblech Inselbewunnerin am Hibiskus-Kostüm représebtéiert den hächste Präis fir en normaalt Symbol. D’Luucht ass eng Wild a kann all normaalt Symbol ersetzen, ausser de Streier, deen als Feier-Dänzer duergestallt gëtt. An den Optiounen kann een d’Astellung wielen, tëscht 0,10 an 100,00 pro Emdréiung ze spillen.

Feier Multipliers, den Haaptfeature bei Ignite the Night, kann deem engen oder anere Spiller gutt vill erabréngen. Hei gëtt en 5x Multiplier un iergend en héischwäertegt Symbol ugepäscht , anzwar bei all Emdréiung am Startspill. Et kann esouguer e Multiplier ausléisen, deen 50x de Gewënnbetrag multipliéiert.

Wann 3 oder méi Streier landen, da gëtt eng Bonusronn vun 10 Gratisemdréiungen ausgeléist.  bonus round of 10 Free Spins is triggered when 3 or more Scatters land. D’Multipliers-Funktioun gëtt an dëser Ronn nach verbessert, woubäi Multipliers un all héischwäertegt Symbol ugehängt ginn, dat eng Gewënnkombinatioun forméiert.

E kuerze Bléck op Relax Gaming

2010 vu Jani Tekoniemi an dem Patrik Österåker gegrënnt a mat Sëtz op Malta, ass dësen Ubidder vun der Malta Gaming Authority esou wéi vun de Spillkommissiounen vun Alderney, Dänemark an dem Vereenegte Kinnékräisch gepréift an zougeloosss.

Niewent Slots wéi Ignite the Night, Journey to Mars, Tiny Terrors a Blender Blasts, bidden se och Dëschspiller, Poker a Bingo-Softwaren un.

Andrej Müller
Juni 2019