Stakelogic wiisst mat GiG

Stakelogic ënnerschreift neien Deal
Stakelogic ka sech Dank senger neier Partnerschaft mam Casino-Bedreiwer Gaming Innovation Group (GiG) iwwer en neie globale Public fir hir Online-Slots freeën. Dëse maltesesche Bedreiwer ass am Besëtz  vun e puer Marken lat internationaler Reechwäit.

Den Ubidder konzentréiert sech säit Längerem schonn drop, gutt an héischqualitativ Slot-Spiller ze entwéckelen – klassesch wéi och Video-Slots. A vill vun dësen hu ganz vill nei Spillmechanismen a Funktiounen. Zu de beléifteste Spiller an Titelen ziele Guts, Rizk an Thrillz mat Zougang zu Black Gold Megaways, Book of Adventure, Midnight Rush a Wild Stallion.

De Chef vu Stakelogic , de Stephan van den Oetelaar sot, dass dës Partnerschaft eng grouss Chance op opreegend Projeten an Entwécklunge géif bidden, well d'Clienten doduerch Zougang zu de Slots vu GIG kréien. En huet dobäigefügt, dass den Erfolleg, den direkt duerch d'Partnerschaft evident gouf, eppes war, mat deem keen an deem Aussmooss gerechent huet.

Weider sot de Van den Oetelaar dass déi Ufanks esou positive Reaktioun net just op de Slots ze bemierken ass, mee dat déi sech op all déi aner Beräicher vum Casino applizéiere léisst. Dat féier dann natierlech zu méi héige Revenue fir déi zwou Firmen.

Gutt Wuesstëmsperspektiven

De Chef vum Spilldepartement bei GiG, den Ashley Bloor, huet Stakelogic an den Himmel gelueft a gesot, dass duerch déi Partnerschaft, méi Inhalter wäerte lokaliséiert ginn. Bloor huet och konfirméiert, dass den Online-Slots Ubidder mat groussem Enthousiasmus wëllkomm gouf. En huet nach bäigefügt,dass e sech géif op d'Opportuitéiten, déi virun der gemeinsamer Partnerschaft stinn, freeën.

Ubidder well Wuesstëm

Den 2015 gegrënnte Stakelogic  ass eng Subsidiaire vun Novomatic, déi an Holland baséiert ass a vun der Malta Gaming Authority autoriséiert ass. Wéi de Bedreiwer sech néiergesat huet, war säi But, 3D-Online-Casinospiller mat der neier HTML5 cross-platform Funktioun ze entwéckelen.

Mol kee Joer spéider hate se 17 nei Spiller am ICE 2016. All d'Spiller konten am Browser gespillt ginn a waren an 29 Sproochen opruffbar.

Déi zweet Hallschent vun 2019 war e beandrockende Sprong fir de Bedreiwer, dee sech op internationaler Eebene an der iGaming–Industrie établéiert hat. Ier de Vertrag mat GIG ënnerschriwwe gouf hat Stakelogic sech schonn um UK Marché néiergelooss, nodeems en eng Lizens vun der Gambling Commission krut.

GiG feiert dëse Meilesteen mat der Verëffentlechung vun enger Rei online-Editioune vu bekannte Slot-Spiller vu Reflex Gaming, wéi zum Beispill Eureka Einstein a Lucky Mushrooms. A kuerz do virdrun kruten se d'Lizens vum Romanian National Gambling Office.

Andrej Müller
Dezember 2019