NetEnt lancéiert den East Sea Dragon King Slot

East Sea Dragon King Slot
De schweedeschen iGaming Entwéckler NetEnt huet endlech säin neistent online Slot-Spill virgestallt. Den East Sea Dragon King ass den neisten Deel vun der Firma hirer Cluster Pays Serie, déi dofir bekannt ass, traditionnel slots Reegelen duerch interessant an innovativ Features op de Kapp ze stellen. Mat dem grousse Succès, deen d’Serie bis ewell erlieft huet, kënnt dës nei Additioun net iwwerraschend.

Déi éischt Reaktiounen op den East Sea Dragon King si positiv an deiten drop hin, dass d’Spill den neisten Hit fir den héischgeluefte Spillentwéckler NetEnt wäert ginn. De Cluster Pays Feature, dee mat der Serie ka synonym gestallt ginn, ass do, grad ewéi och de gärgesinnen Expanding Wilds Bonus.

De matrappende Spillverlaf gëtt duerch en asiatescht Seafari Thema ënnerstëtzt a stellt déi kënschtlerech Aarbecht ënner Beweis, fir déi d’Firma esou bekannt ass.

Haaptspillverlaf

Wann ee sech den East Sea Dragon King méi genee ukuckt, da gesäit een, dass et e Slot mat 5 Rollen a 15 ënnerscheedleche Symboler ass. De Cluster Pays Feature bedeit, dass d’Symboler a Musteren mateneen matchen, also wa se entweder niewenteneen optrieden, oder adjacent iwwert- oder ënnerteneen – aanescht wéi bei den normale reegelen, wou d’Symboler just matchen, wa se niewenteneen optauchen.

Déi zwee wichtegst Bonus Features vum Slot sinn den Expanding Wilds an d’Neiëmdréiugen oder “Respins”. Den Dragon King ass eng Wild an duerch säi distinke Wuschelbaart a Gewei ze erkennen. Hie weist sech op engem antike Scroll an hëlt 3 Positiounen an. Wann der hien lannt, stellt e sech durecht a setzt automatesch e Respin fräi. Wann e 5 Mol mat sech selwer matcht, kann en potentiell déi gréisstméiglech Ausbezuelung fräisetzen, nämlech 10.000x de Wettasaz.

Respins ouni Limitt

Niewent de spannenden Cluster Pays an Expanding Wilds huet den East Sea Dragon King awer och nach aner interessant Aspekter, déi en zu engem Must maachen: D’Respins, déi duerch déi Expanding Wilds ervirgeruff ginn, si grenzenlos. Dat bedeit, dass soulaang Wilds opkommen, d’Respins och kënnen opkommen, wouduerch d’Ausbezuelung och an d’Luucht geet. Et kënnt net oft vir, dass e Slot mat enger grenzeloser Spezialfuktion dohirkënnt.

Den East Sea Dragon King strieft also, en neien NetEnt Liebling ze ginn, deen d’Spiller entweder um Desktop oder mobil kënne spillen.

Andrej Müller
Mee 2020