Nektan verréckelt ëmmer nees den Delai

Nektan extends fundraising deadline Geschäfter déi op Investissementer baséieren, kënnen zimmlech komplizéiert ginn. Dat ass eppes, wouriwwer den Nektan grad e Lidd sange kann. Den Online-Casino Ubidder an Entwéckler vu Spilleplattformen huet elo nees den Delai vum 18. Oktober fir nei Commanden verréckelt. Wéi de Spillentwéckler erklärt, ass dësen neien Delai d’Konsequenz vu wat hien “inakzeptabel” Propositiounen vu verschiddene Säiten, hisiichtlech dem Retour vun Investissementer, nennt. 

Den iGaming Ubidder huet sech Investissementer an der Héischt vu 5 Milliounen Pond zum Zil gesagt, an zwar a Form vun Eegekapitalplazéierung vu Stammaktien. Dës Informatioun koum, nodeems ufanks d’Ried vun 3 Milliounen Pond war, wat deemols als genuch ageschat gouf. Nodeems déi Zomm vun 3 Milliounen Pond erreecht gouf, gouf den delai dunn awer vum 25. September op den 2. Oktober verréckelt. Et koumen zwou weider Verlängerungen no, eng op den 9. Oktober an eng op den 18. Oktober.

Et gëtt no bausse gekuckt

An der Tëschentzäit huet Nektan gesot, et géif ee weiderhin och no Méiglechkeete vu bausse kucken, fir dat noutwennegt Aarbechtskapital vun Investeure vu baussen ze kréien. De Casinospill-Ubidder a White-Label-Service-Riis soot, et wéilt ee sech elo nees drop konzentréiert, den initialen Delai ze klären a schéngt sech dobäi verzweifelt un iergendeppes wëlle festzehalen fir net ënnerzegoen.

Alternativ Méiglechkeeten fir Kapital opzedreiwen ginn elo vun der Firma als noutwenneg ugesinn, wann een als Entreprise wéilt wuessen. Nektan huet méimools dodrop higedeit, datt ee sech och géif op alternativ Kapitalinvestissementer géif stierzen fir den ufanks beschlossene Budget kënnen ze erreechen. Dobäi géif een och a bestruecht zéien, Aktien ze verkafen, fir Suen eranzekréien.

Aussiichten

Wann een alles dat a betruecht hëlt, da géif ee bal Mengen, dass et fir d’Firma besser wier, sech op laangfristeg an nohalteg Manéieren ze konzentréieren, fir Suen eranzekréien, wéi op déi oniwwerluechten Alternativen déi si elo konsideréeieren. Wann een am internationale Wirtschaftskontext vun enger starker a sécherer Positioun schwätzt, dann ass virun allem d’Ried vun Suen duerch Investissementer.

Den aktuelle Placement geet bis den Owend vum 24. Oktober. De Virstand huet awer kloer gesot, dat se sech virstelle kënnen, et och fréizäiteg ze beenden, wa si et fir néideg empfannen.

Andrej Müller
Oktober 2019