>   Casino Neiegkeeten   >   Netent A William Hill Partneren

William Hill benotzt Inhalter vun NetEnt

Andrej Müller - 12 November 2018

NetEnt partner mat William Hill

Fir de sportsbetting Gigant William Hill ass d’Spillererfahrung alles. Live Casino-Spiller an eng Leidenschaft fir Sportwetten sinn den dreiwenden Motor fir dëss Firma. Den Ubidder ass op der ganzer Welt gutt etabléiert mee huet ganz kloer eppes fir d’UK iwwreg. A genee dat, sou NetEnd, mécht d’Abannen vun hiren live Casinodëscher bei William Hill esou interessant.

NetEnt huet viru Kuerzem ugekënnegt, datt déi zwou Entreprisen an Accord ënnerschriwwen hätten, bei deems et drëms geet, NetEnt Spilldëscher fir d’Spiller vu William Hill accessible ze maachen. Dat heescht ab elo sinn d’Spilldëscher vun dësem Bedreiwer och fir all déi Leit zougänglech, déi e Kont mat de Spillgiganten hunn.

Expansioun an de UK an doriwwer eraus

Henrik Fagerlund, de Managing Director vun NetEnt zu Malta seet, e kéint net méi houfreg sinn, dass hir Spiller vu William Hill als éischte Choix gewielt goufen. Dëse Choix géif en Bestätegung fir d’Qualitéit vun hirer Produiten bedeiten, weiter Fagerlund.

D’Unzuel vu Roulette- a Blackjackspiller, déi elo bei dësem allsäits unerkannten Ubidder presentéiert ginn, stellt eng Chance an eng Méiglechkeet fir de Software-Ubidder duer, sech um UK Marché z’établéieren. Trotz den Onsécherheeten opgrond vu héigen Besteierungen an den doraussfolgenden Schléissungen vu villen Retail-Outlets, bleiwen d’Spiller positive gestëmmt, dass d’Luucht um Enn vum Tunnel geschwënn wäert optauchen.

Ausserdeem ass d’Online-Industrie net esou schwéier getraff ginn ewéi déi reell Retail-Outlets. Online Aventuren stellen eng manner grouss Investitioun duer ewéi hir Contreparten um Land.

Op Qualitéitsbasis

Barry Lennon, de Chef vu William Hill sot, de Choix, NetEnt Inhalter anzebauen wier kee Schwéiere gewiecht, well den Ubidder d’Réputatioun huet, Inhalter mat constant héiger Qualitéit ze produzéieren.

Hir laang an unerkannt Traditioun, premium Live-Casino Inhalter ze produzéieren, kéint just en Avantage beim Abauen vun NetEnt Casinodëscher bedeiden, weider Lennon. D’Firma hätt ausserdeem en innovative Approche un Entwécklungen an et wier eng Freed an eng Éier, hir Spiller sengem Public méi no ze bréngen.

Quell:

https://www.gamingintelligence.com/

Copyright © 2019 www.online-casinos.lu | Datenschutzrichtlinie