NetEnt geet Accord mat finneschem Online-Casino Bedreiwer an

NetEnt mécht sech op de Wee a Finnland
Den eenzegen Online-Casino-Bedreiwer, deen d’ Lizenz huet de finneschen Awunner Glécksspiller

Online-Spiller unzebidden, ass de staatleche Veikkaus. Dat ass wuel och de Grond, wisou de grousse Glécksspilubidder NetEnt sech dofir entscheet huet mat Veikkaus zesummen ze schaffen, fir säi Contenu op de finnesche Maart ze bréngen.

Finnland ass an der Toplëscht vum Soziale Fortschrëtt a gëtt vun Experten oft als Verlagerungsplaz recommandéiert. Dat wuel och, well Finnland zum zweet tolerantsten, ëmweltfrëndlechsten a progressiivste Land op der Welt gewielt gouf

Trotz der Toleranz an der liberaler Astellung, schéngt Finnland de Staatsmonopol am Beräich vum Glécksspill nach weider ausbauen ze wëllen. Et gëtt just véier Bedreiwer, déi d’Lizenz hunn, Glécksspiller unzebidden an alle véier si staatlech.

Déi nächst véier Joer

De neien Accord wäert Veikkaus erlaben seng momentan Produiten ze verbesseren, an deem s se déi héichqualitativ NetEnt Produiten an hiert Sortiment huelen. De finnesche Bedreiwer wäert fir véier Joer dem Entwéckler seng Spiller op senger Plattform ubidden. Et gëtt geschat, datt et an der éischter Hallschent vun 2019 lassgoe soll.

De Liwwerant schätzt, datt de Gesamtrevenu, deen duerch den Accord entstoe wäert, tëscht €5 Milliounen a €9 Milliounen wäert leien. NetEnt wäert sécher dozou bäidroen, datt d’Qualitéit vun der Veikkaus Plattform nach besser wäert ginn, well den Entwéckler weltwäit bekannt ass an an der Industrie fir seng héichqualitativ Aarbecht bekannt ass.

Demande vun de Spiller erfëllen

D’Geschäftsleedung vun NetEnt verstoppt hier Freed iwwer den Accord net. De Managing Director a Chief Product Designer vun de globale Projeten vun der Firma, Henrik Fagerlund, huet voller Virfreed iwwer d’Aussiichte vun der Zesummenaarbecht geschwat. Dem Fagerlung sinn déi streng Oplagen vun de Glécksspiller a Finnland gutt bekannt an e seet trotzdeem, datt dësen Accord e Meilesteen ass, wann et ëm d’Efforten vun der Firma geet, op legal a reguléiert Aart, an de finnesche Marché ze kommen.

Laut dem Jan Hagelberg, VP vun de Casino Spiller op Veikkaus, war NetEnt net de beschte Choix, mee den eenzegen. Den Hagelberg seet, datt d’Spiller speziell nom Contenu vun dësem Entwéckler gefrot hunn, an datt d’Equipe frou war, den Demanden entgéintzekommen.

Quell:

https://www.gamblinginsider.com

Andrej Müller
Oktober 2018