NetEnt hiren Irish Pot Luck Slot verëffentlecht

Neien Irish Pot Luck NetEnt Slot
Beim neien Irish Pot Luck Online-Slot vun NetEnt geet alles drëms dat begehrten Dëppe voll Gold zum Schluss vum Reebou ze fannen. Et gëtt op engem 5x3 Set vu Rulle gespillt, an dem Spill-Ries NetEnt säin neien Titel enthält ee Bonus vu gratis Ëmdréinungen, engem speziellen Jackpot Rad, an engem maximalen Jackpot vu bis zu 5000 mol dem Spiller sengem originale Wettasaz deen ee ka gewanne .

Dat irescht Thema ass perfekt mat an d‘Spill agebonnen, an zwar duerch eng Kombinatioun vun engem flotte gréngen Hannergrond, dem véier-bliedege Kléiblat, dat ganz clever an d‘Titelbild agebaut ass, an enger schrulleger Kollektioun u Glécksbrénger op de Spill-Rullen.

Symboler & Themen

Dem Irish Pot Luck seng  Symboler an Theme sinn a Steen gemeesselt an enthalen alles Iresches, wat ee sech erdenke kann. Engem Kobalt seng Päif, ee gréngen Hutt, eng gëllen Harf, ee glécksbréngend Houfeisen, an eng speziell designéiert Suite of Royals sinn als potentiell glécksbréngend Symboler op de Slots hire Rullen kombinéiert. D‘Symboler an d‘Hannergrondbiller a -faarwe kreéieren ee perfekt Thema an droen zur immediater Sensatioun bäi, datt gläich eppes Grousses geschéie wäert.

Irish Pot Luck  bitt och eng Show mat spezielle Bonussymboler. De spezielle Bonus „Rainbow Scatter“ ass de Schlëssel fir d‘Bonus-Spill mat de gratis Ëmdréiungen, a wann ee gläichzäiteg op de Rullen Nummer eent, dräi a fënnef lant kritt een 10 gratis Ëmdréiungen.

De Slot bitt och ee Wild Symbol dat all d‘Standard-Symboler ersetzt, mat der eenzeger Ausnam vum Rainbow Scatter Bonus-Symbol.

Iwwert d‘Jackpot-Rad

Mee dat ass nach net alles, well Irish Pot Luck och nach eng speziell Jackpot Rad Offer mat immensen Gewannméiglechkeeten enthält. Vu datt de maximale Wettbetrag op bis zu €200 mat enger eenzeger Rad-Ëmdréiung klëmmt, ass et méiglech bis zu €1 Millioun Jackpot Präisgeld ze gewannen.

De Retour un de Spiller ass op 96,06% festgeluecht, wat een iwwerduerchschnëttlecht Verhältnis duerstellt. Vu datt dem Slot seng Volatilitéit op niddreg/mëttel ugesat ass, kënnen d‘Spiller sech widderhuelend Gewënner erwaarden.

Et sinn am Ganzen 3 Jackpots ze gewannen soubal d‘Jackpot Rad ugedréit ginn ass - e Mini Jackpot, e Midi Jackpot, an e Mega Jackpot.

Mat senger Verëffentlechung de 5. August ass Irish Pot Luck elo live a verfügbar fir online a mobil ze spillen.

Andrej Müller
August 2020