NetEnt gëtt Nordics d’Schold um Réckgang vun Akommes

NetEnt blaming poor performance on Nordics
De Kampf geet weider fir NetEnt, dee weiderhin mat voller Kraaft versicht, u säin eegene Succès aus der Vergaangenheet nees erunzekommen. Déi lescht Entwécklunge weisen, dass den Entwéckler et net fäerdeg bréngt, géint déi Défië vum schwedesche Marché unzekommen.

Schweden erweist sech fir den Entwéckler als en Dar, esou datt en de schwedesche Marché elo souguer fir de Réckgang un Akommes a Profit responsabel mécht. Déi nordesch Länner si fir de Réckgang un Akommes a Bedreiwerprofit responsabel ze maachen, esou den Entwéckler, deen de Kapp an der internationaler Spillbranche kaum nach iwwer Waasser hale kann a säit Joren Verloschter opweist.

Nei Regulatiounen e richtegen Défi

Dem NetEnt seng Unzuel u Spiller a Schweden ass zënter der Neipositionéierung an der Neireguléierung a Schweden Ufank dëst Joer bedeitend erofgaangen. Zënter deem, esou den Entwéckler, war et e richtege kampf em d’Iwwerliewen. Mat all deene Verännerungen um Marché an de gesetzleche Verännerungen steet et elo an de Stären, ob NetEnt sech awer nach wäert rette kënnen oder net.

Déi Réckgäng am Akommes an der éischter Hallschent vun 2019 haten och en direkten Impakt op all déi aner Beräicher vum Geschäft, virun allem awer op de Profit vum Bedreiwer. De Bedreiwerprofit sinn direkt mat de künftegem Akommes verbonnen – Akommes, ouni dat den Entwéckler net wierklech existéiere kéint.

Opginn ass keng Alternativ

Allerdéngs bréngt all dat dëse staarken an décidéierten Entwéckler net dovunner of, mat nach méi Déterminatioun a leidenschaft d’Geschäft weiderzeféieren an an der zweeten Hallschent vun 2019 méi staark erfirzekommen.

Niewent sengem onberechenbare Wëllen z’Iwwerliewen a bestoen ze bleiwen, huet NetEnt mat groussem Erfolleg ausserhalb vu Schweden geschafft, also ausserhalb vum neireguléierte Marché. NetEnt huet et schliesslech fäerdeg bruecht, 16 nei Lizensen z’ënnerschreiwen, an dat just innerhalb vun de leschte 6 Méint. An zu Lescht huet et nei Online-Casinoen mat 19 nei Clienten opgemaach.

Andrej Müller
Juli 2019