>   Casino Neiegkeeten   >   Oryx Gaming Ennerschreift Neien Cooperatiounsvertrag

ORYX Gaming deet sech mat Genesis Global zesummen

Andrej Müller - 17 January 2019

ORYX Gaming geet nei Partnerschaft an“Nëmme Go!” schéngt de Motto vum neie Joer ze sinn an an ORYX Gaming huet sech deen besonnegt zu Haerze geholl. Den Ubidder huet elo offiziell säi Qualitéits-Inhalt mat net manner wéi ganzer 7 beléiften Entertainment-Marken verëffentlecht. Zu de Genesis Global Produkter zielen SpinIt, Sloty, Casino Cruise, Vegas Hero, Casino Joy, Genesis Casino a Spela.

Genesis Global as zu Malta ugemellt a besetzt déi akkréditéiert Lizens vun der Malta Gaming Authority. D'Firma huet ausserdeem zwou weider Lizensen aus den Vereenegten Kinnegräisch an aus Schweden. Ugefaangen huet alles viru 5 Joer, wéi d'Firma 2014 lues awer sécher Fouss gefaasst huet a sech eng staark Reputatioun duerch extraordinär Spillerfahrung an der ëmmer méi grousser Base vu Spiller-Clienten opbaue konnt.

ORYX um Héischpunkt

ORYX Gaming stellt sech mat enger zweeter Plaz net zefridden an hunn dat och ni gemaacht. Op hirem Agenda steet Succès grouss geschriwwen an hier beléift Casino-Spiller sinn op allen Genesis Global Marken live gaangen. Et ass just eng Fro vun der Zäit bis hiren Afloss nach méi grouss gëtt.

D'Bragg Gaming Group huet ORYX viru kuerzem opkaf. Dëss prestigiéis Spillgrupp ziel virun allem déi nächst Generatioun vu Spiller un, esou wéi och de Sportwetten-Maart an den USA, deen ëmmer méi grouss gëtt. Och eSports huet eng wichteg Positioun an den Produktpalett vun dëser Entreprise.

Wuesstem als Haaptmotivatiounspunkt

De “Chief Executive Officer” vun ORYX Gaming, den Matevz Majiz, seet, d'Bezéiung zu Genesis Global ass duerch eng wuessend Firmen-Economie an enger extrem kompetitiver Maart-Struktur motivéiert. Majiz deit domat op déi Gréisst an den Afloss vu Genesis a seet, op ORYX géing eng spannend Zäit waarden, déi duerch eng interessant a spannend Zesummenaarbecht mam beléiften Spillgigant gekennzeechent ass. Den Wert an d'Wichtegkeet vu sou enger Kollaboratioun wier eppes immens Wichteges. Nei Partnerschaften war e grousst Thema am Joer 2018. Aus den fantasteschen Resultater déi dorauser entstinn ass wier ze schléissen, dass mer och nach an Zukunft am Joer 2019 vill wichteg Partnerschaften waerte gesinn.

Den CEO vun Genesis Global, Ariel Reem, ass op allefall domadder averstaan. Reem sot, et wier eng Freed sech mat ORYX Gaming zesummen ze doen an dass et sech dorems zweifellos ëm eng Partnerschaft géing handelen, déi fir déi zwou Firmen grouss Virdeeler géing brengen. Reem sot och, dass déi ganz Equip sech op déi zousätzlech Spillervillfalt géing freeën, déi dëss Partnerschaft géing matsechbrengen.

Quell:
https://sigma.com.mt/

Copyright © 2019 www.online-casinos.lu | Datenschutzrichtlinie